Helene (Mound)

Saturnmound


Den Helene (oder Saturn XII) ass e klenge Mound vum Planéit Saturn.

XII Helene
Saturnmound Helene virum Saturn.
Foto vun der Raumsond Cassini-Huygens.
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/1980 S 6
Zentralkierper Saturn
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 377.420 km
Periapsis 374.740 km
Apoapsis 380.100 km
Exzentrizitéit 0,0071
Ëmlafzäit 2,737 Deeg
Ëmlafvitess 10,03 km/s
Inklinatioun 0,21°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser (35,2 ± 0,4) km
Dicht ≈ 0,5 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,6
Visuell Magnitude (mag) 18,4
Entdeckung
Entdecker Pierre Laques
Jean Lecacheux
Entdeckungsdatum 1. Mäerz 1980

Entdeckung änneren

Den Helene gouf den 1. Mäerz 1980 vun den Astronome Pierre Laques a Jean Lecacheux am Observatoire vum Pic du Midi de Bigorre an de franséische Pyrenäen entdeckt. Den Mound krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/ 1980 S 6. 1988 gouf de Mound offiziell no der Helena vun Troja genannt, engem Kandskand vum Kronos, deen an der réimescher Mythologie dem Saturn entsprécht.[1]

Bunndaten änneren

Den Helene kreest op enger mëttlerer Distanz vun 377.420 km, a 65 Stonnen an 41 Minutten eemol ëm de Saturn. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,0071 a steet 0,21° schréi zum Equatorplang vum Saturn.

Hien ass ee vun zwéi klenge Mounden op der Bunn vum grousse Mound Dione. Den Helene leeft dem Dione op engem Wénkelofstand vu 60° um Lagrangepunkt L4 viraus. Um nächste Lagrangepunkt L5 leeft de Mound Polydeuces dem Mound Dione op engem Wénkelofstand vu 60° hannendrun.

Ier de Mound säin offiziellen Numm krut, gouf den Helene als „Dione B“ bezeechent.

Opbau a physikalesch Daten änneren

De Mound Helene ass en onreegelméissege Kierper mat enger Gréisst vu 36 × 32 × 30 km. Seng kleng Dicht vun 0,5 g/cm3 weist drop hin, datt hien haaptsächlech aus Waasseräis a klengen Deeler vu silikateschem Gestengs zesummegesat ass.

Den Helene rotéiert a 65 Stonnen an 41 Minutten ëm seng eegen Achs an huet wéi den Äerdmound eng gebonne Rotatioun. De Mound huet eng hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,6, d. h., 60 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 18,4m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Helene (Mound) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Cassini Solstice Mission: Helene Archivéiert op 2014-04-21. Gekuckt de(n) 2016-12-22.