D'Äerdgeschicht ass deejéinege Beräich vun der Naturgeschicht, dee sech mat der Genesis an der Entwécklung vum Planéit Äerd beschäftegt. Heizou ziele verschidde Fuerschungsgebidder:

Déi onbelieft Natur gëtt vun der Geologie an hiren Deelgebidder ofgedeckt, den Urspronk an d'Entwécklung vun der Äerd als Ganzes ass Géigestand vun der Kosmologie. D'Entwécklung vun der Äerd am Kader vum Sonnesystem an der Galaxis gëtt vun der Planetologie ënnersicht. D'Klimageschicht gëtt vun der Paleoklimatologie erfuerscht.

D'Entwécklung vu Planzen- an Déierwelt inklusiv dem Mënsch op der Äerd gëtt vun der Paleontologie ënnersicht, mat den Disziplinne Paleobotanik, Paleozoologie a Paleoanthropologie.

D'Glidderung vun der Äerdgeschicht hält sech un d'Geologesch Zäitskala.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Peter Faupl: Historische Geologie, UTB für Wissenschaft, 2. Aufl. (2003), ISBN 3-8252-2149-0.
  • Steven M. Stanley: Historische Geologie. Eine Einführung in die Geschichte der Erde und des Lebens, Spektrum Lehrbuch, 2. Aufl. (2001), ISBN 3-8274-0569-6.
  • J.D. Macdougall: Eine kurze Geschichte der Erde: Eine Reise durch 5 Milliarden Jahre, Econ, München 2000, ISBN 3-612-26673-X
  • Klaus Strobach: Unser Planet Erde: Ursprung und Dynamik, Gebr. Borntraeger, Berlin, Stuttgart 1991, ISBN 3-443-01028-8.