Ellipsoid
En Ellipsoid ass e Kierper deen der dräi- oder méidimensionaler Duerstellung vun enger Ellips entsprécht.
Bekannt Beispiller fir Rotatiounsellipsoide sinn d'Äerd an de Rugbyball.
Definitioun
ännerenEn Ellipsoid am dräidimensionale Raum kann als gestreckt oder gestaucht Bild vun enger Kugeluewerfläch (Sphär) erkläert ginn. Beim Gebrauch vu kartesesche Koordinaten an Ausriichtung vun de Koordinatenachsen x, y an z no de Symmetrieachse vum Ellipsoid heescht seng Equatioun
mat positive reellen Zuelen , an , de Längte vun den Hallefachsen.
Am n-dimensionale Raum ass en Ellipsoid
d'Léisungsmenge vun enger quadratescher Equatioun mat positiv definiter reeller (zu enger quadratescher Form gehéierenden) Matrix .
Duerch Haaptachsentransformatioun kann ee op eng Diagonalmatrix mat positiven Eegewäerter transforméieren. D'Eegevecteure vun där Matrix ginn d'Richtung vun den Haaptachsen un, d'Kehrwäerter vun de Wurzelen aus den Eegewäerter sinn d'Längte vun den Hallefachsen déi derzou gehéieren.
An der Linearer Optiméierung ginn Ellipsoiden an der Ellipsoid-Method gebraucht.
Déi follgend Erklärunge begrenze sech nees op Ellipsoiden am dräidimensionale Raum. Wann allen dräi Hallefachse verschidde sinn, da schwätzt ee vun triaxialen (oder dräiachsegen) Ellipsoiden. Bei der Rotatioun vun enger Ellips ëm eng vun hiren Achsen entstinn Rotatiounskierper, an dësem Fall Rotatiounsellipsoide. Beispiller fir Rotatiounsellipsoide sinn rotéierend Himmelskierper, wéi eis Äerd (vergl. Äerdellipsoid) resp. Planéiten, Sonnen oder Galaxien. Elliptesch Galaxien kënnen och triaxial sinn.
D'Äerd als Ellipsoid
ännerenEis Äerd ass nëmmen ongeféier eng Kugel. A Wierklechkeet ass si duerch d'Dréiung ëm sech selwer un de Polen ofgeflaacht an och soss ganz onreegelméisseg geformt. Fir dës Onreegelméissegkeet méi genee ze beschreiwen, gëtt amplaz vun der Kugel dacks e Rotatiounsellipsoid gebraucht. Dësen déngt an der Kartographie an an der Geodesie als Bezuchssystem fir d'Konstruktioun vu Vermoossungsnetzer an der direkten Angab geographescher Koordinaten. Duerch den Ellipsoid gëtt d'Äerdfigur als "Fläch konstanter Héicht" ofgestëmmt (kuckt Geoid an Mierespigel).
Volume vum Ellipsoid
ännerenDe Volume léisst sech mat
aus dem Produkt vun den Hallefachse berechnen.
Uewerfläch vum Rotatiounsellipsoid
ännerenSief a sief déi numeresch Exzentrizitéit vun der Ellips, déi sech als Schnëtt mat der -Fläch ergëtt. Dann ass fir en ofgeplattenen Ellipsoid mat (Rotatiounsachs = z-Achs)
a fir e verlängerten Ellipsoid mat (Rotatiounsachs = x-Achs)
D'Uewerfläch vum triaxialen Ellipsoid
ännerenD'Uewerfläch vum triaxialen Ellipsoid léisst sech net mat Hëllef vu Funktiounen ausdrécken, déi een als elementar ugesäit, wéi z. B. artanh oder arcsin. D'Flächeberechnung ass dem Adrien-Marie Legendre mat Hëllef vun der elliptescher Integrale gelongen. Sief . Schreift een
- an
sou heescht d'Integrale
- an
D'Uewerfläch huet mat E an F no Legendre[1] de Wäert
Ginn d'Ausdréck fir k an souwéi d'Substitutiounen
- an
an d'Equatioun fir A agesat, sou ergëtt sech d'Schreifweis
Vum Knud Thomsen staamt déi (integralfräi) „Näherungsformel“
Déi maximal Ofwäichung vum exakten Resultat ass manner wéi 1,2 %.
Am Grenzfall vun engem vollstänneg plattgedréckten Ellipsoid striewen all dräi notéiert Formele fir A géint den duebelte Wäert vun enger Ellipsefläch mat den Hallefachsen an .
Formele fir Rotatiounsellipsoiden
ännerenMat den Definitioune vun der elliptescher Integraler E an F loosse sech déi béid rotatiounssymmetresch Spezialfäll liicht aus der allgemenger triaxialer Formel ofleeden, well E an F ginn elementar Funktiounen.
Ofgeplatten Ellipsoid
änneren- = , also gëtt k = 1, doraus follegt an
- Agesat an d'Equatioun vum Legendre ergëtt dat
Verlängerten Ellipsoid
änneren- = , also gëtt k = 0, doraus follegt
- Agesat an d'Equatioun vum Legendre ergëtt dat
Alternativ loosse sech d'Uewerflächen och als Mantelfläch vu rotéierenden Ellipsen (Rotatiounsellipsoid) berechnen.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenWiktionnaire: Ellipsoid Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen |
Referenzen
änneren- ↑ Adrien-Marie Legendre: Traite des fonctions elliptiques et des intégrales Euleriennes, Bd. 1. Hugard-Courier, Paris 1825, S. 357.