Bunnelement
Sechs Bunnelementer (kuckt dozou Satellittebunnelement) leeën d'Bunn vun engem Himmelskierper, deen de Gesetzer vum Kepler am Schwéierfeld vun engem Himmelskierper (Zwéikierperproblem) follegt, eendeiteg fest.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/95/Bahnelemente.svg/220px-Bahnelemente.svg.png)
Zwee Bunnelementer definéieren d'Form vun der Bunnellips, dräi Elementer bestëmmen d'Lag am Raum an een Element leet den Zäitbezuch fest.
D'Bunnelementer vu Satellitte baséieren och op de 6 Bunnelementer vun enger Keplerbunn. Si enthalen normalerweis weider Parameter, fir Bunnstéierungen anzebezéien.
Elementer
ännerenD'Beschreiwung vun der Bunnkurv-Gestalt erfuerdert zwéi Wäerter, déi d'Form an d'Gréisst festleeën:
- D'numeresch Exzentrizitéit ε.
- D'grouss Hallefachs a.
Doraus ofgeleet ginn:
- D'Hallefparameter p. Mat him ergëtt sech d'Parameterduerstellung vun der Keplerbunn: r(φ) = r(p,e).
- D'Periapsisdistanz rmin: Distanz vum Haaptscheet vum Brennpunkt.
- Den Exzentrizitéitswénkel Φ: Φ = arc sin(ε)
Lagelementer
ännerenD'Lag am Raum relativ zu engem Referenzsystem gët duerch dräi Parameter bestëmmt:
- D'Inklinatioun i: Dat ass de Wénkel vum Orbitalplang zu der Referenzfläch.
- D'Argument vum Knuet (Knuetlängt) Ω: De Wénkel vum Koordinatennullpunkt vun der Referenzfläch zum opsteigende Knuet.
- D'Argument vum Periapsis ω: De Wénkel vum opsteigende Knuet zu Periapsis.
Zäitbezuch
ännerenDen Zäitbezuch leet den Zäitnullpunkt fest:
- Epoch t vum Perihelduerchgank vum Kierper:
Abgeleete Gréisste
- Mëttel Beweegung n: mëttelst Wénkelvitesse vun der mëttleren Anomalie M
Donnéeë vu Bunnelementer
ännerenD'Donnéeën als 6-Tupel (p, e, i, Ω, ω, T) bezeechent een als klassesch Bunnelementer.[1] Donieft gëtt et och aner Méiglechkeeten, déi dem jeeweilege Fall ugepasst sinn, an da meeschtens kanonesch an engem Formalismus gereegelt sinn:
- (a, e, i, Ω, ω, T), eng besonnesch fir d'Koméiten an d'Planéite vum Sonnesystem gëeegent Method
- (a, e, i, Ω, ω, M), fir de Pluto an d'Asteroiden, wéi se den Astronomical Almanac gebraucht[2]
- (a, e, i, Ω, π, L) gëtt ongeféier d'Planéitentheorie VSOP 82 op indirektem Wee.
- (n, e, i, Ω, ω, M), d'System vum NASA/NORAD Two Line Elements Format fir kënschlech Äerdsatellitten
Iwwersiicht
ännerenBunnelement | Nëtzlechkeet | ||||
---|---|---|---|---|---|
Bunnelement | Bezuch | Symbol | Dimensioun | Ellips | Parabel / Hyperbel |
Exzentrizitéit | Form | e, ε | 1 | Jo | Jo |
Exzentrizitéitswénkel | Form | Φ | 1 | Jo | Nee |
Hallefparameter | Gréisst | p | Längt | Jo | Jo |
Periapsis | Gréisst | q | Längt | Jo | Jo |
Grouss Hallefachs | Gréisst | a, α | Längt | Jo | Nee |
Inklinatioun | Lag | i | Wénkel | Jo | Jo |
Argument vum Knuet | Lag | Ω | Wénkel | Jo | deelweis |
Argument vun der Periapsis | Lag | ω | Wénkel | Jo | Jo |
Mëttel Beweegung | Zäitverhalen | μ, n, V | 1 / Zäit | Jo | Jo |
Wénkelvitesse | Zäit-Plazverhalen | Wénkel / Zäit | Jo | Jo | |
Mëttel Anomalie | Bunnplaz | M | Wénkel | Jo | Nee |
Mëttel Längt | Bunnplaz | λ, L | Wénkel | Jo | Nee |
Radiusvektor | Bunnplaz | R | Längt | Jo | Jo |
Ëmlafperiod | Zäitbezuch | P | Zäit | Jo | Nee |
Periapsiszäit | Zäitbezuch | T, τ | Zäit | Jo | Jo |
Literatur
änneren- Andreas Guthmann: Einführung in die Himmelsmechanik und Ephemeridenrechnung. BI-Wiss.-Verl., Mannheim 1994, ISBN 3-411-17051-4
- Wolfgang Vollmann: Wandelgestirnörter. In: Hermann Mucke (Hrsg.): Moderne astronomische Phänomenologie. 20. Sternfreunde-Seminar, 1992/93. Zeiss Planetarium der Stadt Wien und Österreichischer Astronomischer Verein 1992, S. 55–102 (Websäit vum Astronomesche Büro, 3.Feb.2011)
- Jean Meeus: Astronomical Algorithms. Willmann-Bell, Richmond 1991, ISBN 0-943396-35-2
Kuckt och
änneren- Ëmlafbunn – déi zoue Keplerbinn