En Trojaner-Mound ass e natierleche Satellit vun engem Planéit, dee sech an engem vun de Libratiouns- oder Lagrange-Punkten vun engem gréissere Mound beweegt. D'Trojaner-Mounde formen eng Ënnergrupp vun de koorbitale Mounden.

Am Ament sinn nëmmen am Moundsystem vum Planéit Saturn Trojaner-Mounde bekannt:

  • de Saturnmound Tethys gëtt op senger Bunn vun de béide klenge Mounden Telesto (L4-Punkt) an Calypso (L5-Punkt) begleet;
  • de Saturnmound Dione deelt sech seng Bunn mat de béide klenge Mounden Helene (L4-Punkt) an Polydeuces (L5-Punkt).

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie