Differenzéierung (Planetologie)

An der Geologie an allgemeng an der Planetologie ass eng Differenzéierung d'Bildung vu verschiddene Materialien aus engem ufanks homogeene Material duerch Gemëschtrennung. Viraussetzunge sinn d'Bildung vu verschiddene Phasen, (kuckt: Phasendiagramm), vun deenen op d'mannst eng e Fluid muss sinn, an e Beweegungsundriff, meeschtens opgrond vun Dichtënnerscheeder am Schwéierfeld. Déi beweeglech Phas ka wässreg sinn, z. B. eng hydrothermal Léisung, geschmolte Gestengs (Magma) oder flëssegt Metall.

Bannenzegen Opbau vun der Äerd

Déi magmatesch Differentiatioun hat z. B. zu der Genesis vun der liichter kontinentaler Kuuscht gefouert, déi am Géigesaz zu der ozeanescher Kuuscht stänneg um Äerdmantel schwëmmt.

Am Verlaf vun der Genesis vu Planéite gëtt et en ettlech Prozesser, déi zum Ofschmëlze féieren, wouduerch sech déi schwéier, metallesch Phas am Zentrum sammelt. Am Fall vum Sonnesystem sinn déi verschidde Bedéngunge wärend der Differenzéierung an déi vergaangen Zäit de Methode vun der radiometrescher Datéierung zougänglech.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie