Zithaklinick

Klinick am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg.
(Virugeleet vu(n) Zithaklinik)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Zithaklinick (offiziell Schreifweis: Zithaklinik) oder einfach d'Zitha, op Franséisch fréier och Clinique Sainte-Thérèse, ass e Spidol am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg. Et gouf 1924 gegrënnt a gehéiert zënter 2014 zum Grupp Hôpitaux Robert-Schuman.

Zithaklinick
Neit Gebai mat der Haaptentrée an der Antwerpener Strooss
Land Lëtzebuerg
Plaz Garer Quartier
Adress 20-30 Antwerpener Strooss
Lëtzebuerg
Better 200[1]
Websäit hopitauxschuman.lu

2015 ass annoncéiert ginn, datt d'total Fläch vum Gebai bis 2020 ëm 20% vergréissert soll ginn[2]. Den 13. Juni 2016 gouf de Grondstee vum neie Gebai „E“ geluecht an d'Strauss gouf den 20. September 2017 gefeiert[3]. Den Nei- resp. Ëmbau huet eppes méi wéi 70 Milliounen Euro kascht[1]. Dat neit Gebai ass Enn 2020 opgaangen[1].

2013 waren an der Zithaklinick 23.363 Patienten an et goufen 8.483 Operatioune gemaach. Et hunn 821 Leit aus 17 verschiddenen Natiounen do geschafft, vun deenen iwwer 70% Frae waren.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Zithaklinick – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 „En Abléck an deen neie Fligel vun der Zithaklinik“, Um Spaweck
  2. Luxemburger Wort: Zitha-Klinik wird größer und moderner (18. Mäerz 2015)
  3. Nos dates clés. HÔPITAUX ROBERT SCHUMAN. Gekuckt de(n) 2021-02-23.