Centre hospitalier Émile-Mayrisch

Spidolsstruktur am Süde vu Lëtzebuerg
Centre hospitalier Émile-Mayrisch
Centre hospitalier Émile-Mayrisch logo.svg
Basisdonnéeën
Address: Rue Emile Mayrisch

L-4240 Esch-sur-Alzette

187, avenue de la Liberté

L-4602 Niederkorn

Rue de l'Hôpital

L-3488 Dudelange

Typ: Privat
Ouverture:
Stationär Better: 642 (2018)[1]
Mataarbechter: 1906 (2018)[1]
dovun Doktoren: 261 (2018)[1]
Websäit: www.chem.lu

De Centre hospitalier Émile-Mayrisch, kuerz CHEM, ass eng Spidolsstruktur, am Süde vu Lëtzebuerg, déi op dräi Uertschafte verdeelt ass:

Am Ganze schaffen iwwer 1.900 Leit am CHEM, dovun 261 Dokteren(Zuelen 2018)[1].

De CHEM ass aus zwou Fusiounen entstanen; 2004 aus där vum Escher a vum Diddelenger Spidol, an 2007, wéi d'Nidderkuerer Spidol mat derbäikoum[2].

Zanterhier lafe Pläng, en neit Spidol, d'Südspidol, zu Esch-Raemerich op Elsenbrich ze bauen, dat déi 3 eeler Gebaier ersetze soll. Den Entworf ass vum Architektebüro Albert Wimmer ZT-GmbH vu Wien, an d'Aarbechte si vun 2019-2022 virgesinn[3],[4].

Den Numm geet op de fréieren Arbedsdirekter Emile Mayrisch zréck, dee sech notamment fir de Bau vum Escher Spidol agesat huet.

2018 hat de CHEM e Budget vu knapps 249 Milliounen Euro. 144.000 Leit goufen dat Joer do behandelt[1].

DirektiounÄnneren

De President vum Verwaltungsrot ass de Georges Mischo.

Bis den 1. Januar 2018 war den Dr Michel Nathan den Direkter, vun do bis den 1. September 2020[5] war et den Dr. Hansjörg Reimer. Deen hat seng Plaz als Generaldirekter néiergeluecht a gouf vum Dr. René Metz ersat.

Den 1. Februar 2021 koumen zwou nei Plazen an der Direktioun bäi, de medezineschen Direkter (Dr Romain Schockmel) an den Adjoint vum medezineschen Direkter (Dr Serge Meyer)[6].

BillerÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Centre hospitalier Émile Mayrisch – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 (fr)Rapport annuel 2018. chem.lu. Gekuckt de(n) 26.01.2021.
  2. "Historique" op chem.lu.
  3. "Neit Südspidol: 'E Spidol vu muer, e Spidol mat enger Séil'." rtl.lu, 24.10.2015, 09:54:12.
  4. "Baubeginn des Südspidol wohl Ende 2019." wort.lu, 16.3.2018.
  5. CHEM: Krankenhausdirektor Reimer tritt zurück." wort.lu, 21.08.2020.
  6. (lb)Chem: Dr René Metz als neie Generaldirekter nominéiert. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-26.