Clinique Sainte-Marie
Basisdonnéeën
Address: 7-11 Rue Würth-Paquet
L-4350 Esch-Uelzecht
Typ: Privat
Grënnungsjoer: 1925[1]
Stationär Better: 99 (2015)[2]
Mataarbechter: 226 (2015)[2]
dovun Doktoren: 35 (2015)[2]
Websäit: www.csm.lu

D'Clinique Sainte-Marie ass e Spidol zu Esch-Uelzecht. Et gouf 1925 vun der Congrégation des Soeurs de Sainte Elisabeth gegrënnt. Zënter 2014 gehéiert et zum Grupp Hôpitaux Robert-Schuman.[1]

2013 hunn d'Patienten zesummen ëm déi 22.000 Deeg am Spidol verbruecht an et gouf 2.990-mol operéiert.[2]

Am Februar 2017 gouf d'Clinique Sainte-Marie an en Zenter fir stationnär Geriatrie mat 84 Better ëmfonctionéiert. 2022, wann en neit Geraitriezenter um Kierchbierg fäerdeg gebaut soll sinn, soll dëst hei zougemaach an d'Spidol ofgerappt ginn.[3]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Historique op der Websäit vum Spidol (leschten Update: 2. Mäerz 2015)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 La clinique en bref op der Websäit vum Spidol (leschten Update: 19. September 2014)
  3. "Geriatrie-Zentrum zu Esch an der Clinique Sainte Marie." rtl.lu, 18.01.2017, 22:01:00.