Sichepaart
D'Sichepaart (och nach Siichepaart) ass eng fréier Paart fir an d'Festung Lëtzebuerg, am Pafendall. Si steet um rietsen Uwänner vun der Uelzecht an ass iwwer eng Bréck, Béinchen genannt, mat hirer "Sëschter", der Eecher Paart, verbonnen.
![]() D'Sichepaart, baussescht Vue | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°37'0,552"N, 6°7'56,820"O |
Architekt(en) | Sébastien Le Prestre de Vauban |
Datum vum Bau | 1685 |
Déi haiteg Sichepaart gouf 1684/85, no Pläng vum Vauban gebaut, deen de Pafendall mat an d'Festung abanne wollt, a sou nei Verdeedegungsanlagen am Uelzechtdall bäibaue gelooss huet. Ma scho virdru gouf et do eng mëttelalterlech Stadpaart, déi 1338 eng éischt Kéier ernimmt gouf, an dono als Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659) an Texter optaucht. Méi spéit Nimm sinn och Porte des lépreux (1717) a Porte des Bons Malades[1].
Den Numm kënnt vun der Leproserie, dem Sichenhaus, dat baussent der Stadmauer war.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sichenhaff.
Um éischte Stack vun der Sichepaart ass e klenge Sall amenagéiert, wou een e Film iwwer d'Festungsgeschicht kucke kann.
LiteraturÄnneren
- "Tours Vauban: Les portes d'Eich et des Bons Malades et le mur Vauban." ssmn.public.lu, gekuckt den 9. Februar 2020.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Porte des Bons-Malades – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Tours Vauban: Les portes d'Eich et des Bons Malades et le mur Vauban." ssmn.public.lu, 11-03-2014.