Sichenhaff

Lieu-dit am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg

De Sichenhaff, och nach Sichegronn oder Val des Bons-Malades, ass e Lieu-dit am Quartier Pafendall an der Stad Lëtzebuerg, um rietsen Uwänner vun der Uelzecht, tëscht dem Pafendall an Eech.

Sichenhaff
Vu op de Sichenhaffer Kierfecht mat der fréierer Kapell
An anere Sproochen fr: Val des Bons-Malades
de: Siechenhof
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Koordinaten 49°37'14,232"N, 6°7'59,203"O
Kräizung beim Kierfecht um Sichenhaff. Riets laanscht de Kierfecht erop: de Val des Bons-Malades. Lénks uewen um Kierfecht: d'Grafmonument vum Laurent Menager.
D'Uelzecht um Sichenhaff, a Richtung Süde gekuckt

Val des Bons-Malades“ ass awer och den offiziellen Numm vun der Strooss déi vum Kierfecht um Sichenhaff erop op de Kierchbierg féiert.

Den Numm Sichenhaff geet op d'Leproserie zeréck, déi op där Plaz, baussent der Festung, vun ufanks dem 13. Joerhonnert bis zirka 1770 bestanen huet. Vun hir ass d'Kapell erhale bliwwen, déi haut als Morgue vum Kierfecht benotzt gëtt.

2015 hunn am Descherwee d'Aarbechten ugefaange fir eng nei Zuchhalt (Gare Kierchbierg-Pafendall) op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen ze bauen, zesumme mat engem Funiculaire a Richtung Kierchbierg. D'Gare an s'Seelbunn sinn am Dezember 2017 opgaangen.

Geschicht vun der Leproserie änneren

  • D'Leproserie vun der Stad Lëtzebuerg war fir d'éischt zu Bouneweg, laanscht de Kiem, dee vun Hesper iwwer den Houwald an d'Stad gefouert huet.
  • Virun 1238[1] gouf d'Leproserie an de Martinsgronn am Uelzechtdall, tëscht Eech a Weimeschkierch, baussent der Festung, verluecht.
  • Um Deventerplang vu 1581 sinn op der Plaz vum Sichenhaff ze gesinn: d'Gebai mat der Leproserie, d'Kapell niewendrun, an eng Rëtsch Haiser op der Strooss déi laanscht d'Uelzecht bei d'Sichepaart (Porte des Bons-Malades) féiert. Et ass unzehuelen, datt an dësen Haiser déi Leprakrank gewunnt hunn.
  • D'Diagnos vun der Lepra gouf vun offiziell unerkannte Spezialisten zu Tréier, Léck, an och Köln gestallt. Op der Rees dohin an zeréck goufen déi verdächteg 'Lëtzebuerger' Leprakrank vun engem oder zwéi Begleeder gefouert. Eréischt vum 16. Joerhonnert u gouf d'Lepra bei de Kranken zu Lëtzebuerg selwer ënnersicht an attestéiert.
  • Ëm 1800 gouf d'Leproserie um Sichenhaff zougemaach[2].
  • 1982 gouf d'Kapell renovéiert. Si gëtt haut als Morgue gebraucht[3].

Kierfecht a Kapell änneren

De Kierfecht um Sichenhaff ass de Kierfecht vum Sichenhaff a vum Pafendall.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kierfecht um Sichenhaff.

Um Bord vum Kierfecht, bei der Eisebunnsënnerféierung, steet déi fréier Kapell vum hellege Péitrus vu Verona. déi haut als Morgeu gebraucht gëtt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kapell Lëtzebuerg-Sichenhaff.

Millen um Sichenhaff änneren

Um Sichenhaff stoungen an der Zäit zwou Millen: d'Eydtmillen (och nach Neimillen oder Probstmillen) aus dem 13. Joerhonnert déi ronn 100 Meter uewenzeg vun der Uelzechtbréck stoung[4] an d'ënnescht Sichenhaffer Millen, déi 1728 ongeféier 30 Meter ënnerzeg vun der Bréck gebaut gouf. Béid Mille stoungen op deem selwechte Millekanel deen haut net méi besteet[5].

Fliederchersdag änneren

 
E Fliedchen, sou wéi s'op Fliederchersdag um Sichenhaff verdeelt ginn (2012).

Den drëtte Sonndeg no Ouschtere gëtt um Sichenhaff de „Fliederchersdag“ gefeiert. Den Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff, deen d'Feier organiséiert, verdeelt den Dag virdrun, um Samschdeg, no enger Mass an der Kapell um Kierfecht, Eeërfliedercher un d'Leit[6].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fliederchersdag.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Sichenhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. De geneeën Datum, op deem d'Leproserie verluecht gouf ass net bekannt. An engem Dokument vun der Gräfin Ermesinde vun 1238 gëtt déi deemools fréier Leproserie zu Bouneweg genannt, wouraus ee schléisse muss, datt si virun 1238 verluecht gouf. Op der Plaz vun der fréierer Leproserie zu Bouneweg gouf eng Zisterzienserabtei gegrënnt.
  2. Quell fir d'Geschicht vun der Leproserie: d'Websäit vun der Uni Lëtzebuerg
  3. B. Weicherding-Goergen 1983.
  4. Die Eydtmühle auf dem Siechenhof. Hémecht, 23. Jg., nº Heft 4, S. 457. (01.10.1971). Gekuckt de(n) 30.05.2021.
  5. Die untere Siechenhofer Mühle. In: Hémecht, 23. Jg., nº Heft 4, S. 461. (01.10.1971). Gekuckt de(n) 30.05.2021.
  6. F.T. (Fernand Theato): Fliederchesdag um Sichenhaff. Luxemburger Wort vum 27. Abrëll 2012, S. 26.