Den NGC 300 ass eng Galaxie mat opfälleger Spiralstruktur (Typ Sc) am Stärebild Sculptor um südleche Stärenhimmel. Si huet e Wénkelduerchmiesser vun 21,9' × 15,5' an eng visuell Magnitude vun 8,1 mag. Si läit ronn 7 Millioune Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech. Mat engem Duerchmiesser vun zirka 45.000 Liichtjoer ass si däitlech méi kleng wéi eis Mëllechstrooss mat 100.000 Liichtjoer Duerchmiesser[3],[4].

NGC 300
Den NGC 300: Foto, opgeholl mam 2,2-Meter-Teleskop vun der ESO La Silla-Observatoire.
Stärebild Sculptor (Scl)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 0h 54m 54,00s
Deklinatioun - 37° 41' 00,0"[1]
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SA(s)d[1]
Visuell Magnitude + 8,1[2] mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
+ 8,8[2] mag
Wénkelduerchmiesser 21,9' × 15,5'[1]
Flächenhellegkeet mag/arcmin² + 13,9[2]
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Sculptorkoup ?
Distanz (Lj) (7,0 ± 0,3) Mio.
Routverrécklung (480 ± 3)  10-6
Radialvitess +144 (±1)
Absolutten Duerchmiesser 70 000
Geschicht
Entdecker James Dunlop
Entdeckungsdatum 5. August 1826
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
AM 0052-375
GC 169
h 2359
HIPASS J0054-37
IRAS 00528-3758
MCG -06-03-005
NGC 300
PGC 3238
ESO 295-20
Dun 530
SGC 005232-3757.2
2MASX J00545347-3741037

Den NGC 300 an déi onreegelméisseg Galaxie NGC 55 goufe vu villen Astronomen als Deel vun der Sculptor-Grupp ugesinn. Déi jéngst Miessunge vun där Galaxie hu gewisen, datt si sech nëmmen an der Géigend vun deem Galaxiëkoup ophalen[5].

Den Objet gouf de 5. August 1826 vum schotteschen Astronom James Dunlop entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: NGC 300 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 NASA/IPAC Extragalactic Database
  2. 2,0 2,1 2,2 Revised NGC Data for NGC 300 SEDS
  3. STERNE UND WELTRAUM Juni 2005
  4. http://cseligman.com/text/atlas/ngc3.htm#300
  5. franz. WP