Grus (Stärebild)

Stärebild

De Krukert (laténgesch: Grus) ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Krukert
Lëtzebuergeschen Numm Krukert, Huergäns
Däitschen Numm Kranich
Laténgeschen Numm Grus
Laténgesche Geenitiv Gruis
Lat. Ofkierzung Gru
Rektaszensioun 21h 27m bis 23h 27m
Deklinatioun -56° 23´ bis -36° 18´
Fläch 366 Quadratgrad
Siichtbar op Breedegraden 35° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ganz ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
(a Gruis) Al Nair,
1,74m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Piscis Austrinus

Microscopium
Indus
Tucana
Phoenix
Sculptor

Kaart vum Stärebild Krukert (Grus)
Kaart vum Stärebild Krukert (Grus)

Beschreiwung

änneren

De Krukert huet ongeféier d'Form vun engem ëmgekéierten Y. Zwéi vu senge Stären, den α  an den β Gruis, sinn opfälleg hell an hunn en däitleche Faarfkontrast. Den α  Gruis liicht bloelzeg-wäiss, an de β Gruis liicht orange.

Am Hierscht ass vum Stärebild Krukert an eiser Géigend héchstens den nërdlechen Deel mam Stär γ Gruis ze gesinn. Komplett gesäit een d'Stärebild eréischt südlech vum 35. Breedegrad.

Geschicht

änneren

Fréier goufen d'Stären zum Stärebild Pisces Austrinus gezielt.

Enn vum 16. Joerhonnert hunn déi hollännesch Séifuerer an Entdecker Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman d'Stären als eegestännegt Stärebild beschriwwen, Den Reygher („de Reier“)[1] oder Kranich. De Petrus Plancius an de Jodocus Hondius hu se 1598 resp. 1600 Phoenicopterus („Phönix“) genannt. De Johannes Bayer huet d'Stärebild dann ënner der aktueller Bezeechnung a senger Stärekaart vu 1603 iwwerholl.

Himmelsobjeten

änneren

Stären

änneren
B F Nimm oder aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α Al Nair, Alnair 1,73m 101 B7 IV
β 2,07m 170 M5 III
γ Al Dhanab, Aldhanab 3,01m 203 B8 III
ε 3,49m 80 A2 V
ι 3,88m 150 K0 III
δ1 Gru 3,97m 150 G6 III
ζ 4,11m
δ2 4,12m 400 M4 III
θ 4,28m
λ 4,47m
μ1 4,79m
η 4,84m
ρ 4,84m
μ2 5,11m
ξ 5,29m
π 5,3m 200 F2 + C
κ 5,37m
ν 5,47m
ο 5,53m
φ 5,54m
υ 5,62m
τ3 5,72m
σ2 5,85m

Den α Gruis, den hellste Stär am Krukert, ass 101 Liichtjoer vun eis ewech. Den Numm Al Nair huet en arabeschen Urspronk a bedeit „deen Hellen“.

Den γ Gruis ass 203 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Et ass e Stär, dee blo liicht, mat der Spektralklass B8. Den arabeschen Numm Al Dhanab bedeit „Schwanz“.

Objet Gréissten Ofstand
π 5,6m/6,6m 261"

Déi ongeféier gläich hell Stären δ1  an δ2  Gruis gesi sech mat bloussem A, wéi een Duebelstäresystem un, well si nëmme 16,1 Bouminutten ausernee stinn. Et handelt sech awer nëmmen ëm een „opteschen Duebelstär“, deem seng Stäre vun der Äerd ausgesinn an enger Richtung leien. A Wierklechkeet leien d'Stären 150 a 450 Liichtjoer vun eis ewech.

Ee „richtegt“ physescht Duebelstäresystem, deem seng Komponente sech ëm een eenzege Schwéierpunkt dréien, ass den πGruis op enger Distanz vun 200 Lichtjoer. De System kann ee mat engem klengen Teleskop opléisen.

NGC divers Gréisst Typ Numm
7213 10,1m Galaxie
7410 10,3m Galaxie
7424 Galaxie
7525 Galaxie
7590 Galaxie
IC 1459 10,0m Galaxie

Am nordëstlechen Deel vum Krukert sinn e puer Galaxien.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Grus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Ian Ridpath: Startales. Kap 1