Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Konzil (lat. concilium = Rot, Versammlung) oder eng Synod (griich. σύνοδος (sýnodos) = Versammlung, Wee zesummen) bezeechent eng Versammlung vu kierchlechen Autoritéiten, oder fir kierchlech Entscheedungen ze huelen. E stëmmberechtegte Member gëtt als Konzilspapp respektiv Synodale(r) bezeechent. Déi zwéi Begrëffer sinn an de meeschte Fäll als Synonym ze verstoen, besonnesch an der Geschicht vum Chrëschtentum aus dem éischte Joertausend. Op engem Konzil oder bei enger Synod gi Froen iwwer d'Glawensléier oder iwwer déi praktesch Ausféierung vum reliéise, kierchleche Liewen diskutéiert an decidéiert. Konziler ginn net reegelméisseg aberuff, mä nëmme fir ganz wichteg Entscheedungsfroen.

Kuckt och änneren