Interkommunalitéit
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Interkommunalitéit (lat.: inter = tëscht; däitsch: kommunal = wat mat Gemengen ze dinn huet) bezeechent eng Zesummenaarbecht tëscht Gemengen, déi et erlaabt, eng Partie Kompetenzen zesummen auszeféieren.
Beispiller fir déi Kompetenzberäicher sinn: Waasserversuergung, Kläranlagen, Industriezonen, Schoulen, etc.
D'Interkommunalitéit ass a verschidde Länner no an no agefouert ginn, an der Belsch wou d'Struktur "Intercommunale" genannt gëtt, an Däitschland gëtt et "Verbandsgemeinden" an a Frankräich gëtt et verschidden Aarte vun Interkommunalitéit, z. B. de "syndicat intercommunal" oder d'"communauté de communes".
Zu Lëtzebuerg existéiere verschidde Forme vun der Interkommunalitéit, sou z. B.:
- d'interkommunal Syndikater oder Gemengesyndikater, Etablissementer vu ëffentlechem Recht fir d'Zesummenaarbecht vu Gemengen, déi Gemengen zesummeschléisse fir gemeinsam Wierker oder Intressien ze realiséieren;
- den Naturpark.
Gemenge kënnen och ënner dem Statut vun enger europäescher wirtschaftlecher Interessevereenegung kooperéieren. E Beispill vu sou enger Kooperatioun ass Islek ohne Grenzen EWIV.
Kuckt och
änneren- D'Interkommunalitéit an der Belsch (Wikipedia) (fr)
- D'Interkommunalitéit a Frankräich (Wikipedia) (fr)
- D'Verbandsgemeng an Däitschland (Wikipedia) (de)