Jongsteenzäit

(Virugeleet vu(n) Neolithikum)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Virgeschicht
Holozen (➚ Fréigeschicht)
Eisenzäit
  Spéit Bronzezäit  
  Mëttel Bronzezäit
  Fréi Bronzezäit
Bronzezäit
    Koffersteenzäit    
  Jongsteenzäit
Mëttelsteenzäit
Epipaleolithikum
Pleistozen     Jonkpaleolithikum  
    Mëttelpaleolithikum
    Alpaleolithikum
  Alsteenzäit
Steenzäit

Den Ufank vun der Jongsteenzäit ass de jéngsten Deel vun der Steenzäit a gëtt haut do ugesat, wou d'Mënschen net méi just vun deem gelieft hunn, wat se fonnt, resp. gejot hunn, mä bewosst produzéiert hunn, virun allem, wat hiert Iessen ubelaangt, d. h. s'ugefaangen hunn, Akerbau a Véizuucht ze bedreiwen.

Dëst nennt een och déi Neolithesch Revolutioun. Dësen Iwwergank war zu ganz ënnerschiddlechen Zäitpunkten: a Mesopotamien schonn ëm 11.000 v. Chr., a Mëtteleuropa ëm 5.500 v. Chr. Vereenzelt gëtt et haut nach entleeë Regiounen op der Welt, wou Mënschen "technesch" an der Jongsteenzäit liewen.

Regional oder zäitlech Kulturraim aus där Zäit kënnen, well et méi archeologesch Fondsaache ginn, besser differenzéiert gi wéi déi aus den Epoche virdrun.

A Mëtteleuropa fänkt d'Neolithikum mat der Bandkeramik-Kultur tëscht zirka 5.600 a 4.900 v. Chr. un. A Südosteuropa an an der Donaugéigend hu sech eege Kulturen erausgebilt, (z. B. d'Lengyel-Kultur an d'Badener Kultur bis hin zu de spéitneolithesche Kulture vu Vinča am serbesch-rumänesche Raum an Tisza am haitegen Ungarn).

Am 8. Joerdausend v. Chr. gouf et éischt Versich, Metaller ze verschaffen. Am Ufank waren déi op déi méi mëll Metaller Gold, Sëlwer a Koffer limitéiert, déi zu Bijoue verschafft goufen. Fir Waffe waren déi net ze gebrauchen.

Gutt erhale mënschlech Iwwerreschter aus der Jongsteenzäit sinn z. B. de Kennewick-Mann an den Ötzi.

Bandkeramesch Behälteren aus Mëtteldäitschland