Pieter Dirkszoon Keyser

Den Pieter Dirkszoon Keyser, och Petrus Theodorus genannt, gebuer am Joer 1540, gestuerwen den 11. September 1596 bei Bantam, haut Semarang, war en hollännesche Séifuerer an Astronom. Zesumme mam Frederik de Houtman huet hie Stärekaarte vum südlechen Himmel gezeechent, woubäi si 12 nei Stärebiller agefouert hunn.

Liewen änneren

Iwwer dat fréit Liewen ass wéineg bekannt, de Keyser war bei verschiddenen Expeditiounen a Brasilien dobäi.

Am Joer 1595 ass hie mat enger Flott vu véier Schëffer ënner dem Kommando vum Cornelis de Houtman iwwer Madagaskar an Ostasie geseegelt. Et war déi éischt hollännesch Ostindien-Expeditioun, an ass katastrophal verlaf. De Keyser war Navigator op der Hollandia, spéider op der Mauritius.

De Keyser war vum Kartograph Petrus Plancius beopdraagt ginn, Observatioune vum déiwe Südhimmel ze maachen. Den Europäer louchen iwwer d'Stären an deene Regiounen nach keng verléisslech Date vir. Vum Schëffsmastkuerf aus huet hien den Nuetshimmel mat engem Instrument observéiert, dat hie vum Plancius kritt hat, méiglecherweis en Astrolabium oder e Jakobsstaf. Dobäi gouf hie vum Frederick de Houtman, dem jéngste Brudder vum Kommandant, ënnerstëtzt.

Vun 249 Leit sinn der nëmmen nach 87 lieweg zeréckkomm, de Groussdeel war wéinst Krankheeten a Gewaltverbrieche gestuerwen. De Keyser ass am September 1596 gestuerwen, wéi d'Flott viru Bantam op der Insel Java) louch. Säi Stärekatalog gouf dem Plancius 1597 vum de Houtman, no der Heemrees vun der Flott iwwerreecht.

Himmelskartéierung änneren

 
Bayer: Uranometria, Nodrock 1661, Blaat 49 weist de Südstärenhimmel

De Keyser an den de Houtman hunn e Katalog mat 135 Stäre gezeechent an hunn de südlechen Himmelsofschnëtt an 12 nei Stärebiller agedeelt:

Déi 12 nei Stärebiller vum Keyser sinn deelweis ënner aneren Nimm fir d'éischt – 1597/1598 op engem Himmelsglobus vum Plancius agedroe ginn, zwee Joer méi spéit och vum Jodocus Hondius publizéiert, an 1602 beim Willem Blaeu, 1603 och mat den Observatioune bei der zweeter Rees vum de Houtmans. De Johannes Bayer huet d'Stärebiller 1603 an säin Himmelsatlas Uranometria iwwerholl. Si gehéieren haut zu den 88 unerkannte Stärebiller.

Donieft lëscht de Keyser Ara, Schëff Argo, Centaurus, Corona Australis, Crux, Lupus, Columba als De Duyve met den Olijftak („D'Dauf mat dem Uelegräis“), Eridanus als Den Nyli („Nil“) an de Schwanz vum Scorpius op.

Dem Keyser seng Opzeechnunge sinn am Joer 1627 an Tabelleform an den Tabulae Rudolfinae, Rudolfinesch Tafelen, vum Johannes Kepler publizéiert ginn. D'Originalopzeechnunge si verluer gaangen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren