De Willem Janszoon Blaeu, gebuer am Joer 1571 zu Alkmaar, Holland a gestuerwen am Joer 1638 zu Amsterdam; och Guilielmus Janssonius Caesius, Guiljelmus Blaeuw, Willem Jansz, Willems Jans Zoon, Guilielmus oder G. Blaeu war en hollännesche Kartograph an Editeur.

De Willem J. Blaeu, Portrait vum Jeremias Falck
Nova totius terrarum orbis geographica ac hydrographica tabula, Amsterdam 1635

Liewen änneren

De Blaeu gouf 1571 zu Uitgeest bei Alkmaar gebuer. Vu 1594 bis 1596 hat hien Astronomie a Kartographie beim Tycho Brahe geléiert. 1600 huet hien de verännerleche Stär P Cygni entdeckt. Ëm 1603 huet hie sech zu Amsterdam niddergelooss, wou hien ugefaangen huet, Äerdgloben ze bauen. Hien huet och weider nach Land- a Séikaarte produzéiert, dorënner 1605 eng Weltkaart.

Am Joer 1629 ass et him gelongen, ettlech Drockplacken aus der Ierfschaft vum Jodocus Hondius ze steeën. Domat konnt hien en eegenen Atlas drécken. Vun de 60 Kaarten am Ufank waren der 37 vum Hondius. Op allen Drockplacke gouf den Numm Hondius duerch dee vum Blaeu ersat.

1633 gouf hien zum Kaartemécher vun der Republik ernannt, a gouf domat offizielle Kartograph fir d'Hollännesch Ostindien-Kompanie (VOC). Hien hat en ëmfangräicht Kaartewierk erausginn an huet och Aarbechte vun de Kartographe Willebrord van Roijen Snell (Snellius), Adriaan Metius, Gerhard Johannes Vossius a Pieter Corneliszoon Hooft publizéiert.[1]

Gestuerwen ass hie 1638 zu Amsterdam.

Säi Jong, de Joan Blaeu (15961673) huet säi Betrib weidergefouert. Nom Groussbrand vun Amsterdam am Joer 1672, wou vill zerstéiert gouf an nom Doud vum Joan Blaeu, deen dat Joer drop gestuerwe war, gouf de Verlag am Joer 1698 opgeléist.

De Willem Janszoon Blaeu ass net mam hollännesche Séifuerer Willem Janszoon ze verwiesselen, deen zu der selwechter Zäit gelieft hat.

Wierker änneren

Literatur änneren

  • P. J. H. Baudet: Leven en werken van Willem Jansz. Blaeu, Utrecht 1871.
  • Johannes Keuning und Marijke Donkersloot-de Vrij (Hrsg.): Willem Jansz. Blaeu: a biography and history of his work as cartographer and publisher, Amsterdam 1973. ISBN 90-221-1253-5

Um Spaweck änneren

Commons: Kaarte vum Willem a Joan Blaeu – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Um Spaweck Blaauw: Willem Blaeu