Pavo (Stärebild)
De Pohunn (latäin Pavo) ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.
Date vum Stärebild Pavo | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Pohunn |
Laténgeschen Numm | Pavo |
Laténgesche Genitiv | Pavonis |
Laténgesch Ofkierzung | Pav
|
Rektaszensioun | 17h 40m bis 21h 32m |
Deklinatioun | -74° 58' bis -56° 35' |
Fläch | 378 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 15° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
Zuel vun de Stäre mat Gréisst < 3m |
1 |
Hellste Stär, Gréisst |
α Pavonis 1,94m |
Meteorstréim | Delta-Pavoniden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Telescopium Ara Apus Octans Indus |
![]() |
Beschreiwung änneren
De Pavo ass kee markant Stärebild. Et läit westlech vum Triangulum Australe. Den Haaptstär α Pavonis ass mat
1,94m opfälleg hell. Déi aner Stäre gehéieren zu der 3. a 4. Gréissteklass.
Am Pavo steet den opfällege Kugelstärekoup NGC 6752.
Geschicht änneren
De Pavo gehéiert zu de Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vum hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser an dem Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet si iwwerholl an am Joer 1603 op sengem Himmelsatlas Uranometria agedroen.
Himmelsobjeten änneren
Stären änneren
B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | Peacock | 1,94m | 183 | B2 IV | |
β | 3,42m | 138 | A5 IV | ||
δ | 3,55m | 20 | G5 IV | ||
η | 3,61m | 371 | K1 III | ||
κ | 3,91m | 544 | F2 Ib-II | ||
ε | 3,97m | 106 | A0 V | ||
ζ | 4,01m | 210 | K2 III | ||
γ | 4,21m | 30 | F6 V | ||
λ | 4,22m | 1812 | B2 II-III | ||
π | 4,33m | 139 | Am | ||
ξ | 4,35m | 420 | M1 III SB | ||
ν | 4,63m | 479 | B8 III | ||
NU | 4,63m | 479 | B8 III | ||
φ1 | 4,75m | 90 | F1 III | ||
HR 7012 | 4,78m | 95 | A7 V | ||
ρ | 4,86m | 195 | Fm | ||
ο | 5,06m | 889 | M2 III | ||
φ2 | 5,11m | 79 | F8 V | ||
ω | 5,14m | 516 | K1 III-IV | ||
υ | 5,14m | 841 | B8 Vvar | ||
HR 7587 | 5,24m | 302 | B9.5 IV | ||
HR 7221 | 5,31m | 120 | G8 / K0 III/IV | ||
μ2 | 5,32m | 235 | K2 IV CN | ||
SX | 5,34m | 396 | M5 III | ||
HR 7498 | 5,39m | 135 | A4 III | ||
σ | 5,41m | 305 | K0 III | ||
HR 7531 | 5,41m | 260 | A0 IV | ||
ι | 5,47m | 58 | G0 V |
Den α Pavonis (och Peacock (engl. Pohunn) genannt) läit op enger Distanz vun 183 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Et ass e bloe Stär mat der Spektralklass B2 IV. Hien huet déi véierfach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Verännerlech Stären änneren
Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
λ | 3,4 bis 4,3m | Onreegelméisseg Verännerlechen | |
κ | 3,9 bis 4,7m | 9,092 Deeg | Cepheide |
R | 7 bis 14m | 230 Deeg | Mira-Stär |
T | 7 bis 14m | 244 Deeg | Mira-Stär |
Den λ Pavonis läit op enger Distanz vun 1812 Liichtjoer. Et ass e verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet sech ouni erkennbar Reegelméissegkeet verännert.
Den κ Pavonis ass e Verännerlechen a läit 544 Liichtjoer vun eis ewech. Hien ass vum Typ Cepheiden. Seng Hellegkeet ännert sech reegelméisseg wärend engem Zäitraum vun ronn 9 Deeg.
Den R an den T Pavonis si Verännerlecher vum Typ Mira. Hir Hellegkeet ännert sech ganz staark iwwer Zäitraim vun 230 an 244 Deeg.
Niwweleg Objeten änneren
NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|
6744 | 8,4m | Galaxis | ||
6752 | 10,5m | Kugelstärekoup |
Den NGC 6744 ass eng Galaxis op enger Distanz vun 25 Millioune Liichtjoer. Hien huet androcksvoll Spiralstrukturen.
Den NGC 6752 läit 18.000 Liichtjoer ewech an ass e Kugelstärekoup. Et ass dee véierthellste Kugelstärekoup um Nuetshimmel.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Pavo (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |