En Astrolab (vum Griicheschen astrolabos wat en « Instrument fir d'Héicht vun de Stären ze huelen » bedeit) ass e Miessinstrument fir d'Wénkelmiessung um Himmel.
Héchstwahrscheinlech ass den Astrolab vum Eratosthenes géint 250 v. Chr. entwéckelt ginn. Aner Quelle schreiwen d'Erfindung der Mathematikerin Hypatia vun Alexandria zou, déi Enn véiert an Ufank fënneft Joerhonnert gelieft huet. Déi deemools als Astrolabie bezeechent Instrumenter ginn haut Armillarsphären oder sphäresch Astrolabie genannt. Mat sou Instrumenter goufen d'Stärekataloge vum Hipparchos a vum Ptolemäus gemaach.

Perseschen Astrolab aus dem 18. Joerhonnert

Déi zanter dem Mëttelalter allgemeng bekannt scheiwefërmeg Astrolabe sollen op den Hipparchos zeréckgoen a goufen am arabesche Raum weiderentwéckelt. Si erlaben zwar manner Miessunge wéi déi sphäresch Form (nëmmen d'Héichtemiessung vun den Himmelskierper iwwer dem Horizont), sinn awer och als analoogt Recheninstrument ze gebrauchen. Domat ware si fir praktesch Zwecker wéi d'Positiounsberechnung bei Expeditiounen oder op der Séifaart besser gëeegent. D'Miessung vun der Kulminatiounshéicht vu bekannte Fixstären erméiglecht d'Berechnung vun der geographescher Breet. Mat Kenntnes vun der aktueller Auerzäit léisst sech doriwwer eraus och d'geographesch Längt ermëttelen.

Astrolab aus dem 16. Joerhonnert

An der europäescher Schëfffaart goufen d'Astrolabien haaptsächlech tëscht dem 15. a 17. Joerhonnert fir d'Navigatioun gebraucht a sinn d'Virleefer vum Sextant. Vum fréie 16. Joerhonnert un, gouf bei der Wénkelmiessung och de Jakobsstaf gebraucht.

Den Numm Astrolab déngt zanter 1930 och fir e puer Instrumenter an der Astrogeodesie, mat deene Stärenduerchgäng an engem konstanten Héichwénkel vu meeschtens 60° prezis gemooss ginn. Dee Wénkel gëtt engersäits duerch e speziell geschlaffene Glasprisma definéiert, anerersäits duerch e gespigelte Quecksëlwer-Horizont oder en Nivelléierinstrument. Bekannt Bautype sinn den Danjon-Astrolab, d'Zirkumzenital an den Ni2-Prismenastrolab vun Zeiss. Si erlaben, jee no Opwand a Gewiicht, d'Bestëmmung vum Senkel mat Prezisioune vu ±0,01" bis 0,5".

Literatur änneren

  • Bergmann, Werner: Innovationen im Quadrivium des 10. und 11. Jahrhunderts. Studien zur Einführung von Astrolab und Abakus im lateinischen Mittelalter. Stuttgart 1985 (= Sudhoffs Archiv, Beihefte 26)
  • Brunold, Martin: Der Messinghimmel. Eine Anleitung zum Astrolabium. La-Chaux-de-Fonds 2001
  • d`Hollander, Raymond: L'astrolabe: Histoire, théorie et pratique. Paris 1999
  • Gerstbach, Gottfried: Optimierung von Astrolab-Beobachtungen. Geowissenschaftliche Mitt. Band 7, TU Wien 1976
  • Stautz, Burkhard: Die Astrolabiensammlungen des Deutschen Museums und des Bayerischen Nationalmuseums. München 1999
  • National Maritime Museum, Greenwich: The Planispheric Astrolabe. Greenwich 1976
  • Michel, Henri: Traité de l'astrolabe. Paris 1947

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

  • Torquetum, eng Weiderentwécklung vun der Armillarsphär.
  • Planisphär, eng dréibar Stärekaart ouni Miessfunktioun.
  • Dioptra, en antikt geodetescht Instrument mat vergläichbarer Viséierariichtung.

Um Spaweck änneren

Commons: Astrolabes – Biller, Videoen oder Audiodateien