Frederik de Houtman

hollännesche Fuerscher an Astronom

Den Frederik de Houtman, gebuer 1571 a gestuerwen 1627 war en hollännesche Fuerscher an Astronom. Hien ass laanscht déi australesch Westküst geseegelt an huet deen eelsten nach erhalenen Stärekatalog vum Südhimmel zesummegestallt.

Frederick de Houtman

Vun 1595 bis 1597 huet hien op der éischter hollännescher Ostindien-Expeditioun ënner dem Kommando vu sengem eelere Brudder Cornelis de Houtman matgemaach. Dobäi huet hien den Navigator Pieter Dirkszoon Keyser bei der Hiirstellung vun engem Stärekatalog ënnerstëtzt. Wärend dëser Rees féiert de Keyser 12 nei Stärebiller vum Südhimmel an, déi haut zu deenen 88 unerkannte Stärebiller gehéieren.

Bei enger zweeter Expeditioun, déi 1598 gestart gouf, gouf de Cornelis de Houtman doutgemaach an de Frederik ass vum Sultan vun Aceh am Norde vun der Insel Sumatra gefaange geholl ginn. Dës Zäit huet hie benotzt fir déi malayesch Sprooch ze studéieren a féiert Himmelsobservatiounen duerch. Dem Keyser säi Katalog vergréissert hien op 304 Stären. Allerdéngs goufen 107 dovu schonn am Almagest vum Ptolemäus ernimmt.

Am Joer 1603 koum den Houtman an Holland zeréck. Seng astronomesch Observatioune publizéiert hie kurioserweis als Unhang vun engem Wierderbuch fir déi malaysesch a madegassesch Sprooch. De Kartograph Willem Janszoon Blaeu benotzt dem Houtmans säi Katalog bei der Fabrikatioun vu sengen Himmelsgloben. Vom Katalog existéieren haut nëmmen nach wéineg Exemplaren, eent läit an der Bibliothék vun der Universitéit vun Oxford. Dem Keyser säi Katalog ass dogéint net méi ze fannen.

Tëscht de Jore 1605 bis 1611 war de Frederick de Houtman Gouverneur vun Holland op der Insel Ambon. Wärend enger weiderer Expeditioun entdeckt den Houtman 1619 eng bis dohin onbekannt Landmass. Et handelt sech ëm déi australesch Küst an der Géigend vum haitege Perth. Wéi hie laanscht d'Küst no Norde geseegelt ass, ass hien op eng Grupp vu klengen Inselen an Ondéifte gestouss, den haitegen Houtman-Abrolhos-Archipel.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren