Schëff Argo (Stärebild)

D'Stärebild Schëff Argo, (lat. Argo Navis) ass e Stärebild deem säin Numm hautdesdaags net méi gebraucht gëtt. Et huet sech aus den haitege Stärebiller Hënneschte Schëffsdeck, Schëffskil a Schëffssegel zesummegesat.

D'Schëff Argo gouf 1690 vum Johannes Hevelius gemoolt.
Carina, Pupis, Pyxis a Vela

D'Stärebild Schëff Argo gouf vum Ptolemäus agefouert, awer 1763 gouf et vum Nicolas Louis de Lacaille an déi dräi Stärebiller opgedeelt déi haut nach ënner den Nimm vun den dräi hei uewendriwwer genannte bestinn.

Wann dëst Stärebild nach unerkannt wier, da wier et méi grouss wéi d'Hydra.

De Schëffskompass läit an engem Beräich dee fréier als de Mast vum Schëff ugeholl gouf.

Dat Stärebild gëtt gemenkerhand net zum Stärebild Argo Navis gezielt.

D'Bayer-Bezeechnung vu Pyxis weist och do drophin. D'Stäre vun Argo Navis goufen der Rei no opgedeelt, a Carina (Schëffskil) krut z. B. d'Bezeechnungen α, β an ε, d'Vela (Schëffssegel) γ an δ, d'Puppis (Hënneschten Deck) ζ, a sou weider. D'Stäre vu Pyxis passen net an dës Rei.

Um Spaweck änneren

Commons: Argo Navis – Biller, Videoen oder Audiodateien