Naturschutzgebitt Schnellert

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg

D' Naturschutzgebitt Schnellert ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Bäerdref a Konsdref, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 22. Mäerz 2017 geschafe gouf.[1]

Naturschutzgebitt
Schnellert
Land Lëtzebuerg
Plaz Konsdref, Bäerdref
Fläch 135,61 ha
Nationalcode RFI
Koordinaten 49°48'27,29"N, 6°19'26,04"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 22. Mäerz 2017

Et ass e Bëschgebitt, op enger Fläch vun 23,9 Hektar, uewenzeg an ënnerzeg vun de Fielswänn vum Lëtzebuerger Sandsteen, laanscht den Dall vun der Schwaarzer Iernz, südwestlech vun der Uertschaft Bäerdref. E klenge Wupp südlech vun der Dosbaach läit um Territoire vun der Gemeng Konsdref. Nieft dem speziellen Habitat laanscht d'Fielswänn a -splécken zeechent de Bësch sech och doduerch aus, datt en do praktesch net bewirtschaft gëtt a sech selwer iwwerlooss ass.

Tëscht 1997 an 2000 huet den Naturmusée en Inventaire vun all de Pilzen-, Planzen- an Déierenaarten, déi do virkommen, opstelle gelooss.[2]

D'Naturschutzgebitt Schnellert ass en Deel vun der Natura 2000-Zon Vallée de l'Ernz noire / Beaufort / Berdorf (LU0001011).[1]

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Règlement grand-ducal du 22 mars 2017 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle, la zone « Schnellert » sise sur le territoire des communes de Berdorf et de Consdorf. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.
  2. Meyer, Carrières (2007) an der Literatur.