Net confirméiert Aschreiwungen am NGC-Katalog

Wikimedia-Lëschtenartikel
(Virugeleet vu(n) NGC 30)

Lëscht vun onbestätegten Aschreiwungen am NGC-Katalog. Dëst ass eng (onvollstänneg) tabellaresch Oplëschtung vun net verifizéierten Notizen am New General Catalogue vum Johan Dreyer.

Nummer am NGC Stärebild Éischt Observatioun Positioun
(ëmgerechent op J2000.0
Bemierkungen Kaartelinken
α δ
18 Peg Herman Schultz, 15. Oktober 1866 00 h 09m23' 27° 43,9' D'Observatioun geet op zwéi Stären zeréck, déi no beienee leien. [1]
30 Peg Albert Marth, 30. Oktober 1864 00 h 10m51' +21° 58,6' Den Objet gouf vum Marth als e Stär mat der Gréisst 13, dee vun engem Niwwel ëmginn ass, beschriwwen. Et handelt sech ëm zwéi Stären, déi no beienee leien. [2]
33 Psc Albert Marth, 9. September 1864 00 h 10m57' +03° 40,6' D'Observatioun geet op zwéi Stären zeréck, déi no beienee leien. [3]
44 And John Herschel, 22. November 1827 00 h 13m13' +31° 17,2' D'Observatioun geet op zwéi Stären zeréck, déi no beienee leien. [4]
46 Psc Edward Joshua Cooper, 22. Oktober 1852 00 h 14m10' +05° 59,3' Den Objet gouf am Ufank vum Cooper als Niwwel an de Markree-Katalog opgeholl a méi spéit och vum Arthur Auwers observéiert. Et handelt sech ëm de Stär GSC 00008-00572 (zirka 11,7 mag). [5]
56 Psc John Herschel, 13. Oktober 1825 00 h 15m21' +12° 26,7' D'Observatioun vum John Herschel vum 13. Oktober 1825 konnt net novollzunn ginn. [6]
82 And Guillaume Bigourdan, 23. Oktober 1884 00 h 21m17' +22° 27,7' De Vermierk ass op e Stär zeréckzeféieren (USNO-A2.0 1050-00111856). [7]
91 And Herman Schultz, 17. Oktober 1866 01 h 21m52' +22° 22,1' D'Observatioun geet op e Stär zeréck. [8]
111 Cet Francis Preserved Leavenworth, 1885 / 1886 00 h 26m38' −02° 37,5' Keen Objet entsprécht der Beschreiwung vum Leavenworth. [9]
122 Cet Wilhelm Tempel, 27. September 1880 00 h 27m38' −01° 38,4' NGC 122 an NGC 123 si méiglecherweis op zwéi Stären zeréckzeféieren. [10]
123 00 h 27m40' −01° 37,7' [11]
158 Cet Wilhelm Tempel, 1882 00 h 35m06' −08° 20,8' Warscheinlech geet d'Observatioun op zwéi Stären zeréck, déi no beienee leien., déi d'Katalogbezeechnunge USNO-A2.0 0750-00137807 an USNO-A2.0 0750-00137848 droen. [12]
162 And Herman Schultz, 5. September 1867 00 h 36m09' +23° 57,8' E Stär ronn 75 Bousekonnen nordëstlech vum NGC 160 [13]
295 Psc Ralph Copeland, 26. Oktober 1872 00 h 55m05' +31° 31,5' Keen Objet bei de Koordinate vum Copeland entsprécht der Beschreiwung. [14]
302 Cet Frank Muller, 1886 00 h 56m25' −10° 39,8' Et kann net genee ermëttelt ginn, ëm wéi en observéierten Objet vum Muller et sech handelt. Méiglecherweis ass et e Stär 1,8 Bouminutten ost-nordëstlech vun der Galaxis NGC 301. [15]
308 Cet Robert Stawell Ball, 31. Dezember 1866 00 h 56m24' −01° 47,0' Méiglecherweis e Stär, dee fälschlecherweis fir en Niwwel gehale gouf, haut als USNO-B1.0 0882-0015670 katalogiséiert [16]
310 Cet Robert Stawell Ball, 31. Dezember 1866 00 h 56m48' −01° 45,9' Méiglecherweis e Stär, dee fälschlecherweis fir en Niwwel gehale gouf, als USNO-B1.0 0882-0015725 katalogiséiert [17]
313 Psc William Parsons, 19. November 1850 00 h 57m46' +30° 22,0' D'Observatioun geet op dräi Stären zeréck, déi no beienee leien.. [18]
370 Psc Heinrich Louis d'Arrest, 7. Oktober 1861 01 h 06m45' +32° 25,7' NGC 372 geet op dräi Stären zeréck; méiglecherweis sinn déi béid süd-westlech och fir d'Observatioun vum NGC 370 verantwortlech. [19]
372 Johan Ludvig Emil Dreyer, 12. Dezember 1876
390 Psc Guillaume Bigourdan, 19. November 1884 01 h 07m54' +32° 26,0' E Stär, deen de Bigourdan fälschlecherweis fir en Niwwel gehalen hat. [20]
405 Phe John Herschel, 6. September 1834 01 h 08m34' −46° 40,1' D'Notiz geet op d'Stäresystem HD 6869 zeréck. [21]
412 Cet Francis Preserved Leavenworth, 1885 01 h 10m20' −20° 00,9' Dësen Niwwel konnt net novollzunn ginn. [22]
421 Psc Wilhelm Herschel, 12. September 1784 01 h 12m14' +32° 07,4' Méiglecherweis geet dës Observatioun op e Stär oder Duebelstär westlech vum NGC 420 zeréck. [23]
453 Psc Édouard Jean-Marie Stephan, 10. November 1881 01 h 16m17' +33° 01,9' D'Observatioun geet op dräi Stären zeréck déi op enger Linn leien. [24]
464 And Bonner Duerchmusterung / Wilhelm Tempel, 1882 01 h 19m27' +32° 57,3' Dës Notiz geet op dräi Stären zeréck, déi no beienee leien. [25]
506 Psc Lawrence Parsons, 7. November 1874 01 h 23m35' +33° 14,7' D'Observatioun geet op e Stär zeréck, deen de Parsons fir en niwwelegen Objet gehalen hat. [26]
510 Psc Herman Schultz, 11. November 1867 01 h 23m56' +33° 29,8' Et handelt sech ëm zwéin Eenzelstären déi 8" vunenee leien an déi vum Schultz fir en niwwelegen Objet gehale goufen. [27]
552 Psc Wilhelm Herschel, 13. September 1784 01 h 26m10' +33° 24,4' D'Notiz staamt vum Herschel aus der Observatiounsnuecht vum 13. September 1784, wou d'Resultater Schwieregkeete bei der Identifikatioun vun Objete maachen, ënner anerem well bei sämtlechen Objeten d'Rektaszensioun mat engem variéierendem Feeler gemaach ass. Méiglecherweis geet dësen op e Stär an der Géigend vun der Galaxis NGC 553 zeréck. [28]
730 Psc Guillaume Bigourdan, 7. November 1885 01 h 55m19' +05° 38,2' D'Observatioun geet op een (oder méi) Stären zeréck. [29]
733 Tri William Parsons, 11. Oktober 1850 01 h 56m34' +33° 03,3' D'Notiz geet warscheinlech op e Stär zeréck. [30]
771 Cas John Herschel, 29. Oktober 1831 02 h 03m27' +72° 25,3' Kuckt 50 Cassiopeiae; Den John Herschel hat gemengt de Stär wier niwweleg [31]
1479 Eri Frank Muller, 1866 03 h 54m20' −10° 12,5' Fir NGC 1479 an NGC 1480 gëtt et nëmmen eng eenzeg Observatioun, déi op de Frank Muller zeréckgeet an 1866 um Leander McCormick Observatory gemaach gouf. D'Objete goufen dobäi als Niwwel-Koppel mat Positiounswénkel 170° beschriwwen. Op dëser Plaz ass keen Objet vun där Zort ze fannen. [32]
1480
1619 Eri Lewis A. Swift, 22. Dezember 1886 04 h 36m11' −04° 36,2' Op där Plaz ass keen niwwelegen Objet ze fannen; méiglecherweis handelt et sech beim observéierten Objet ëm ee vun de liichtschwaache Membere vun der NGC-1600-Grupp. [33]
2465 Lyn William Parsons, 20. Februar 1851 07 h 57m26' +56° 49,3' D'Observatioun geet op e Stär zeréck. [34]
2589 Hya Lewis A. Swift, 1887 08 h 24m30' −08° 46,1' Op där Positioun si keng hell Galaxien ze fannen; den Objet konnt net novollzunn ginn. [35]
3484 Dra John Herschel, 5. Abrëll 1832 11 h 03m06' +75° 49,1' D'Observatioun kann net novollzunn ginn. [36]
4397 Com Wilhelm Tempel, 1877 12 h 25m58' +18° 18,1' D'Observatioun ass warscheinlech op véier Eenzelobjeten zeréckzeféieren, bei deenen et sech entweeder ëm véier Stären, déi no niewenenee stinn, oder ëm dräi Stären an eng Galaxis, déi méi wäit ewech läit handelt. [37]
4398 Vir Heinrich Louis d'Arrest, 19. Abrëll 1865 12 h 26m08' +10° 41,2' Entweeder net existent oder op den ongeféier 13-mag-Stär USNO-B1.0 1006-0204995 zeréckzeféieren [38]
6648 Dra Wilhelm Struve, 1825 18 h 25m38' +64° 58,6' En Duebelstär, deen de Struve fir niwweleg gehalen hat. [39]

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie