Ernst Wilhelm Leberecht Tempel

däitschen Astronom a Lithograph

Den Ernst Wilhelm Leberecht Tempel gebuer de 4. Dezember 1821 zu Niedercunnersdorf a Sachsen a gestuerwen de 16. Mäerz 1889 zu Arcetri an Italien, war en däitschen Astronom a Lithograph. Hien huet ënner anerem 5 Asteroiden an 12 Koméiten entdeckt.

Ernst Wilhelm Leberecht Tempel
Gebuer 4. Dezember 1821
Gestuerwen 16. Mäerz 1889
Arcetri
Nationalitéit Kinnekräich Sachsen
Aktivitéit Astronom, Asteroidenentdecker
Member vun Accademia Nazionale dei Lincei

Liewen änneren

Den Tempel huet 1837 zu Meissen d'Handwierk vum Lithograph geléiert. Vun 1840 un, huet hie sech fir e puer Joer op Wanderschaft gemaach, déi hien ënner anerem an d'Stied Kopenhagen, Stockholm a Christiana (haut Oslo) gefouert huet.

Am Joer 1858 huet hie sech zu Venedeg als fräischaffende Lithograph niddergelooss an och bestuet. Seng Lithographien an Zeechnunge ware wéinst hirer Prezisioun gefrot. Den Tempel huet fir Botaniker an aner Naturwëssenschaftler geschafft.

Zanter senger Schoulzäit huet den Tempel sech fir d'Astronomie intresséiert, an 1858 huet hie sech e véierzëllege Refrakter kaaft. Mat deem fir haiteg Verhältnesser bescheidenen Instrument huet hien am Joer 1859 e Koméit an e Reflexiounsniwwel an de Plejaden (kuckt Bild) entdeckt.

Well den Tempel keng akadeemesch Ausbildung an och keen Diplom hat, gouf hien als Amateurastronom ugesinn a krut an Däitschland keng Ustellung an och d'Nummrecht fir déi vun him entdeckt Himmelskierpere krut hien net. Wéinst senge Leeschtunge gouf hien am Joer 1860 op de keeserlechen Observatoire vu Marseille geruff, a krut domat och de Privileeg fir Objeten en Numm ze ginn. Duerno huet hien nach 5 Asteroiden an 12 Koméiten, ënner anerem de Koméit Tempel-Tuttle entdeckt.

Nom Ausbroch vum Franséisch-Preisesche Krich am Joer 1870 huet hien d'Land misse verloossen an ass zeréck an Italie gaangen. Am Joer 1875 huet hien d'Leedung vum neien Observatoire vun Arcetri, südlech vu Florenz iwwerholl. Den do installéierte Refrakter war mat enger Ëffnung vun 283 mm an enger Brennwäit vu 5.370 mm de gréissten Teleskop vun Italien. Mat deem Instrument huet hien niwweleg Objeten ënnersicht. Am Joer 1885 koum zu Prag seng Publikatioun Iwwer Niwwel eraus.

Éierungen änneren

 
Tempel zu Marseille

Fir seng Leeschtungen op dem Gebitt vun der Astronomie gouf den Tempel dacks ausgezeechent. Zu sengem Undenke gouf e 40 km grousse Moundkrater, an den Asteroid (3808) Tempel no him genannt. E puer vun him entdeckt Koméiten hu säin Numm, ënner anerem de Koméit Tempel 1, deen 2005 d'Zil vun der NASA-Missioun Deep Impact war.

Präisser an Auszeechnungen änneren

Geéiert mam Numm änneren

  • 1898 – Moundkrater Tempel (Entdecker: Johann Nepomuk Krieger)
  • 1971 – A senger Heemechtsuertschaft Niedercunnersdorf ass e Monument opgeriicht ginn
  • 1988 – Planetoid (3808) Tempel (Entdecker: Freimuth Börngen)
  • 1990 – Wilhelm-Tempel-Schoul zu Niedercunnersdorf

Entdeckungen änneren

 
Dem Tempel seng Zeechnung vum Reflektiounsniwwel Merope

Asteroiden änneren

Koméiten änneren

Periodesch Koméiten änneren

Net periodesch Koméiten änneren

  • 2. Abrëll 1859 – C/1859
  • 23. Oktober 1860 – C/1860 (1860 IV)
  • 9. Oktober 1863 – C/1863 (1863 IV)
  • 4. Juli 1864 – C/1864 (1864 II)
  • 22. Mäerz 1868 – 1868 I
  • 11. Oktober 1869 – C/1869 (1869 II)
  • 29. Mee 1870 – C/1870 (1870 I, mam Friedrich August Theodor Winnecke)
  • 14. Juni 1871 – C/1871 (1871 II)
  • 3. November 1871 – C/1871 (1871 IV)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Ernst Wilhelm Leberecht Tempel – Biller, Videoen oder Audiodateien