Haaptmenü opmaachen


Menster ass eng Uertschaft an der Gemeng Betzder.

Menster
MensKier1.JPG
An anere Sproochen fr: Mensdorf
de: Mensdorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Coat of arms betzdorf luxbrg.png Betzder
Buergermeeschter Jean-François Wirtz
Awunner 917[1] (2011)
Koordinaten 49° 39’ 18’’ N
06° 18’ 12’’ O

GeographieÄnneren

 
Mensdorf aus der Loft

Menster ass déi südlechst vun de fënnef Uertschaften an der Gemeng Betzder (Kanton Gréiwemaacher). Menster läit tëscht Rued-Sir am Norden an der Autobunn A1 am Süden. Dat noosten Duerf am Westen ass Nidderaanwen an dat am Osten ass Fluessweller.

Am Weste vu Menster fléisst op enger Südwest-Nord-Achs d'Sir. Parallel zur Baach verlafen Zuchschinn.

De Kulturzentrum am Zentrum vum Duerf läit op enger Héicht vun 247 Meter iwwer NN. Am Oste läit den héchst Punkt vu Menster, de Widdebierg mat 387 Meter.

2011 hunn zu Menster 917 Persoune gewunnt; dat waren 28% vun den 3.236 Awunner vun der Gemeng Betzder.[1]

GeschichtÄnneren

Déi éischt Spueren, déi beweisen datt Mënschen am haitege Menster gewunnt hunn, stamen aus der galloréimescher Zäit. Deemools ass tëscht de spéideren Uertschafte Menster a Beyren d'Réimerstrooss Metz-Tréier op d'Strooss Reims-Arel-Tréier getraff. An där Period ass de Widdebierg als keltesch Gottheet "Deus veraudunus" veréiert ginn.[2]

Et ass méiglech, datt den Numm "Mensdorf" aus dem 6. Joerhonnert staamt. Dat éischt Dokument, an deem d'Uertschaft ernimmt gëtt ("Mennestorf") staamt awer aus dem Joer 1043. Iwwer déi nächst puer honnert Joer goufen et e puer Variatioune vum Numm: "Mensdorff" (1255), "Mennestorff" (1261), "Mennisdorf" (1305), "Meynszdorff" (1570)[3], "Mensdorff" (1585), "Munsdorf" (1579/1589), "Mondorff" (1680/1695), "Mensdorf" (1685) a "Monsdorf" (1705/1792).[2]

Ëm 1250 ass Menster ënner d'Herrschaft vun de Grofe vu Rëttgen gefall, vun deenen am 13. Joerhonnert d'Grofe vu Menster-Pouilly ofstaamen. Am 14. Joerhonnert waren d'Häre vu Menster Schäffen an der Stad Lëtzebuerg. Si hate vill Proprietéiten an der Stad an am Syrdall. Trotzdeem war Menster mat sengen 12 Stéit (1473) a senge schlechte Stroossen net vill besser dru wéi seng Nopeschdierfer. 1611 hunn do 260 Persoune gelieft, mä wéinst dem Drëssegjärege Krich (1618-1648) waren et der 1635 nëmmen nach 150. 1656 hat Menster souguer nëmmen nach 42 Awunner.[2]

Genee wéi Diddenuewen a Montmédy ass Menster 1659 Deel vu Frankräich ginn. E puer Joerzéngte méi spéit, während der franséischer Revolutioun, hunn d'Grofe vu Pouilly Frankräich musse verloossen. Si goufen an Éisträich opgeholl, wou si sech séier etabléiere konnten a wichteg Funktioune beluecht hunn. Fir ze verstoppen, datt si aus Frankräich kommen, hu si den Numm "Mensdorff" adoptéiert. Den Alexander vu Mensdorff war vun 1864-1866 souguer éisträicheschen Ausseminister.[4]

An den 1970er gouf d'Parhaus an déi al Schoul am Zentrum vu Menster ofgerappt an duerch e Kulturzenter ersat. An de spéiden 1990er dunn ass déi al Schmëdd renovéiert ginn a gëtt haut als Concerts- an als Versammlungssall ("Schmoett") benotzt.[2]

ReliounÄnneren

D'Existenz vun enger Kapell zu Menster gëtt 1570 vir d'éischt ernimmt. 1853 ass d'Kierch um Site vun enger Kapell aus dem Joer 1696 gebaut ginn. Vun där Kappell gouf just de Klackentuerm stoe gelooss, deen 1900 duerch den aktuellen, méi héijen Tuerm ersat ginn ass.

D'Par Menster ass 1858 geschaf ginn. Virdrunn huet Menster zur Par Fluessweller gehéiert. Zënter 2017 gehéiert Menster zur Par Musel a Syr Saint-Jacques.[2]

VeräinsliewenÄnneren

D'Chorale Sainte-Cécile, d'Fräiwëlleg Pompjeeën an den den FC Syra Menster zielen zu den eelste Veräiner zu Menster. Tëscht 1910 an 1956 ass et och en Turnveräin ginn, d'Concorde Ouvrière Mensdorf.

Am Duerf ginn och all Joer e puer Evenementer organiséiert, dorënner d'"Menster Quetschekiermes" zënter 1974[5] an zënter 1988 d'"Musek am Syrdall"[6]

Tëscht 1981 an 1993 hat de Club des Jeunes vu Menster de "Widderbierglaf" organiséiert. Zënter 2013 hunn d'Widdebiergfrënn déi Course nees nei belieft.[7]

BillerÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. 1,0 1,1 STATEC: RP2011 - Population de résidence habituelle par commune et localité au 1er février 2011
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 betzdorf.lu: La localité de Mensdorf (gekuckt den 19. September 2017)
  3. Parverband Widdebierg: Lokalchronik von Dorf und Pfarrei Mensdorf (gekuckt den 19. September 2017)
  4. Bibliotheksservice-Zentrum Baden-Württemberg: Mensdorff-Pouilly, Alexander von (19. September 2017)
  5. betzdorf.lu: Menster Quetschekiermes (gekuckt den 19. September 2017)
  6. msyrdall.betzdorf.lu: Musek am Syrdall (gekuckt den 19. September 2017)
  7. widdebierglaf.lu: La course du Widdebierg du Club des Jeunes de Mensdort (1981-1993) et des Widdebiergfrënn (2013-…) (gekuckt den 19. September 2017)