Fluessweiler
Fluessweiler ass eng Uertschaft zu Lëtzebuerg am Kanton Gréiwemaacher a Chef-lieu vun der Gemeng Fluessweiler. Zur Uertschaft gehéiert och Buchholz, resp. de Buchholzer Haff.
Fluessweiler | |
---|---|
Loftbild vu Fluessweiler aus Richtung Norden | |
An anere Sproochen |
fr: Flaxweiler de: Flaxweiler |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Gréiwemaacher |
Gemeng | Fluessweiler |
Buergermeeschter | Paul Ruppert |
Awunner | 593 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 283 m |
Koordinaten |
49° 39’ 58’’ N 06° 20’ 34’’ O |
Geschicht
ännerenBeim Bau vun der Autobunn A1 gouf e fréikeltescht Graf aus dem 4.-3. Jh. v. Chr. entdeckt.[1] Ausgegruewe gouf och e Kierfecht mat enger Längt vun 350 m aus der Eisenzäit. Aus der Réimerzäit staamt den Tumulus bei der Tonn.
Den Numm Fluessweiler besteet zanter 1783. Virdru fënnt een och d'Nimm Wilre, Flaiswiler, Vlaisswilre, Flasswilre, Flazweiler. Den Numm Fluess kënnt dohier, weel do Fluess ugebaut gouf.
Den éischte Paschtouer gouf 1360 ernimmt.
D'Par Fluessweiler ënnerstoung der Abtei Iechternach a war géint 768 ënner dem Numm Wilre verflicht bei der Iechternacher Sprangpressessioun matzemaachen. Bis 1858 huet Menster och zur Par Fluesweiler gehéiert.
Fluessweiler a Menster hu sech laang ëm de Widdebierg gestridden. An engem Prozess vum 5. Juni 1616 ass de Bësch um Widdebierg tëschent den Uertschaften opgedeelt ginn.
Zanter 1845 gouf et eng Schoul am Duerf an zanter 1868 och eng Schoul fir Meedercher. Zanter 1972 ginn d'Kanner op Dräibuer an d'Grondschoul.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Fluessweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ FLAXWEILER. Geschichtlicher und kultureller Überblick. Gekuckt de(n) 3.8.2023.