Par Musel a Syr Saint-Jacques
D'Par Musel a Syr Saint-Jacques ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Osten an ersetzt déi 18 fréier Pare Berbuerg, Betzder, Biwer, Éinen, Fluessweiler, Gouschteng, Gréiwemaacher, Lelleg, Meechtem, Manternach, Menster, Mäertert, Nidderdonwen, Ouljen, Rued-Sir, Waasserbëlleg, Wecker a Wuermer.
D'Par erstreckt sech iwwer d'Gebitt vun de Gemenge Betzder, Biwer, Fluessweiler, Gréiwemaacher, Manternach, Mäertert a Wuermer.
De Patréiner vun der Par ass den hellege Jakobus.
D'Parkierch ass d'Kierch vu Gréiwemaacher.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Berbourg, Betzdorf, Biwer, Ehnen, Flaxweiler, Gostingen, Grevenmacher, Lellig, Machtum, Manternach, Mensdorf, Mertert, Niederdonven, Olingen, Roodth-sur-Syre, Wasserbillig, Wecker et Wormeldange et sur l'érection de la paroisse « Musel a Syr Saint-Jacques » Archivéiert de(n) 2017-07-03. Gekuckt de(n) 2017-05-12.