Martin Blum

lëtzebuergesche Geeschtlechen an Historiker
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Martin Blum gebuer den 13. Juni 1845 am Pafendall, a gestuerwen den 20. Januar 1924 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Paschtouer an Historiker.

Martin Blum
Gebuer 13. Juni 1845
Pafendall
Gestuerwen 20. Januar 1924
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Paschtouer, Kathoulesche Priister

Hien huet 1895 gehollef d'Geschichtszäitschrëft Hémecht grënnen (deemools Ons Hémecht genannt) an huet déi éischt Bibliographie geschriwwe vun deene Bicher, déi vu Lëtzebuerger geschriwwe goufen, oder zu Lëtzebuerg erauskoumen. Donieft huet hien eng ca. 150 Artikele publizéiert. [1]

No dem Martin Blum sengem Doud huet de Seminär seng grouss Sammlung vu Luxemburgensia geierft an huet haut déi zweetgréisst Kollektioun zu deem Theema no der Nationalbibliothéik.

Säi Liewen

änneren
 
D'Graf um Nikloskierfecht.

De Martin Blum koum den 13. Juni 1845 am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg op d'Welt. Seng Eltere waren de Schräiner Martin Blum an d'Catherine Scheidt. Zwee Joer no senger Gebuert ass hie mat sengen Elteren an d'Uewerstad geplënnert, wou déi an der haiteger Rue de la Reine e Café gefouert hunn.

De Martin Blum gouf de 27. August 1869 zum Geeschtleche geweit a gläich duerno Vikar zu Beetebuerg. 1872 gouf hie Kaploun zu Nidderfeelen an duerno Paschtouer zu Nojem (1876), zu Hiefenech (1887), Menster (1891) a Gräisch (1898).

No senger Pensionéierung (1903) huet hien zwee Joer zu Hollerech gelieft an ass duerno an d'Stad an d'Lantergässel geplënnert, wou e Benefiziat vun der Kathedral gouf.

De Martin Blum ass den 20. Januar 1924 gestuerwen. Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.[2]

 
Schëld op der Martin Blum Plaz zu Menster

Zu Menster, wou hien zum Zäitpunkt vun der Grënnung vun der Hémecht Paschtouer war, gouf op Initiativ vum Lokalhistoriker John Feller de 7. Juni 2024 virum Kulturzenter offiziell eng Plaz op den Numm vum Martin Blum ageweit[3].

  • Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par les Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché de Luxembourg. 1902-1932 (Neioplo, erausginn a completéiert vum Carlo Hury, an 2 Bänn, 1981).

Gielercher

änneren

Literatur

änneren
  • Hury, C., 1982. Landpfarrer und Bibliograph: Martin Blum. In: 125 Joer Sang a Klang Pafendall, S. 121-129. Dréckerei Print-Service, Lëtzebuerg, 280 S.

Referenzen an Notten

änneren
  1. Hémecht N° 36 (1984), S. 121-132.. Gekuckt de(n) 2024-06-12.
  2. Quell fir den Iwwerbléck iwwer säi Liewenslaf: Carlo Hury, 1982.
  3. Offiziell Aweiung "Place Martin Blum", am: Gemengebuet letzBetz (Gemeng Betzder), N°3/Juni-September 2024, S. 20-23.
  4. Doudesannonce vum Martin Blum am Luxemburger Wort vum 21. Januar 1924. Gekuckt de(n) 2014-07-09.