Montmédy

franséisch Gemeng
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Montmédy ass eng franséisch Gemeng am Departement Meuse an der Regioun Grand Est.

Montmédy
-

-
-
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Montmédy
Postcode 55600
Gemengecode 55351
Koordinaten 49° 31’ 13’’ N
      05° 22’ 00’’ O
Fläch  2.349 ha
Bevëlkerung  2 260 (1999)

Geschicht änneren

Montmédy huet am Mëttelalter zur Grofschaft Chiny gehéiert, déi 1364 dem Wenzel I., éischten Herzog vu Lëtzebuerg, verkaf gouf.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Grofschaft Chiny.

Bis zum Pyrenäesche Fridden, 1659, tëscht dem Louis XIV. vu Frankräich an dem Kinnek Felipe IV. vu Spuenien hunn d'Stad Montmédy an déi ganz Ëmgéigend, mat den Uertschafte Carignan (fréier Ivoix), Chauvency-le-Château, Marville an Damvillers, zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert, dat selwer een Deelgebitt vun de Spueneschen Nidderlande war. D'Festungsstad Montmédy gouf deemools, an der Ennphas vum franséisch-spuenesche Krich (1648-1659), am Numm vum spuenesche Kinnek vum Jean V. d'Allamont verdeedegt, deen allerdéngs bei de Belagerungskämpf 1659 ëm d'Liewe koum.

De Kinnek Louis XVI. vu Frankräich, wollt wéi e 1791 heemlech mat senger Famill Paräis verlooss huet, sech eigentlech an der Festungsstad Montmédy, no bei der Grenz zu den (zanter 1714) Éisträicheschen Nidderlanden, déi sengem Schwoer Jousef II. gehéiert hunn, a Sécherheet brengen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Flucht op Varennes.
.

Uertschaften änneren

  • Fresnois
  • Iré-les-Près
  • Montmédy
  • Montmédy-Haut (d'Zitadell)
  • Tivoli

Kuckt och änneren


Literatur änneren

  • Joseph Groben, L'ancien Duché de Luxembourg - Das ehemalige Herzogtum Luxemburg; Lëtzebuerg (Jos. Groben & Sankt-Paulus Verlag), 1999; 311 S. (ill.); ISBN 2-87996-981-6. Vgl. Ss. 185-192: Montmédy, la citadelle de Charles Quint et de Vauban.
  • Paul Margue, Luxemburg in Mittelalter und Neuzeit (10. bis 18. Jahrhundert); = Bd. III vum Manuel d'histoire luxembourgeoise en 4 volumes, à l'usage des classes de l'enseignement secondaire au Grand-Duché de Luxembourg; Lëtzebuerg (Bourg-Bourger), 1978 (= 2. Oplo). Vgl. besonnesch d'Ss. 137-138 (Kaarten).
  • Guillaume de Waha, Vie de Jean d'Allamont de Malandry; 1658.
  • Martial Gantelet, Guy Thewes & Martin Uhrmacher, La paix des Pyrénées et son impact en Lorraine et au Luxembourg; Akte vum internationale Colloque an der Stad (Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg), vum 5. bis 7. November 2009, in: Hémecht, 62 (2010), Nr. 3-4.
  • Philippe Stachowski, Une région frontalière - Entre Luxembourg et Lorraine (1500-1789); Lëtzebuerg & Diddenuewen (Gérard Klopp, éditeur), 2011.
  • Dominique Zachary, Marie-Antoinette - La fuite en Belgique (Virwuert vum Professer Gilbert Trausch); Bréissel (Éditions Racine), 2001; 247 S.; ISBN 2-87386-229-7

Um Spaweck änneren

Commons: Montmédy – Biller, Videoen oder Audiodateien