Luxembourg Music Awards
D'Luxembourg Music Awards, kuerz LMA, waren en eemolegt Evenement am Joer 2018, an deem Präisser u Museker a Museksgruppen zu Lëtzebuerg verdeelt goufen.
Hannergrond an Organisatioun
ännerenSchonn zënter 2013 huet d'Rockhal d'Video Clip Awards organiséiert, mat deenen déi bescht Museksvideoen ausgezeechent goufen. Fënnef Joer méi spéit goufen dann d'Luxembourg Music Awards organiséiert, fir déi national Kënschtler a Museksgruppe weider ze ënnerstëtzen.[1]
Et gouf zwou Méiglechkeeten, fir als Kënschtler nominéiert ze ginn. Engersäits hunn d'Acteuren aus der lëtzebuergescher Musekszeen an de Medien Kënschtler kënnen nominéieren, an anersäits konnten d'Kënschtler sech selwer online nominéieren. All déi Nominatiounen sinn du virun eng Jury komm, déi eng "Shortlist" erstallt huet, mat dräi final Kandidate pro Kategorie, an déi och de Gewënner ausgewielt huet.[2] An där Jury souzen den Yves Stephany vum Radio 100,7, de Marc Hauser vun de Rotonden, de Luka Heindrichs vum De Gudde Wëllen an dem Food for Your Senses, de Michel Welter vum Den Atelier, de Bob Konsbruck vun RTL an den Olivier Toth vun der Rockhal.
D'Export Artists of the Year Award vu music:LX, déi vun 2012 un all Joer verdeelt goufen, goufen 2018 an d'Zeremonie vun de Luxembourg Music Awards agebaut.[3]
D'LMA goufe vu verschiddene Säite kritiséiert, wéinst der Nominatiounsprozedur, der Ënnerrepresentatioun vu Kënschtler am Beräich Jazz a Klassik, a wéinst der Diskrepanz tëscht de Präissgelder.[4]
D'Präiszeremonie war den 18. Dezember 2018 an der Rockhal zu Esch-Uelzecht.
Et gouf nëmmen eng Editioun vun den LMA. 2022 goufen d'Lëtzebuerger Musekspräisser lancéiert.[5]
Gewënner
ännerenKategorie | Gewënner | Aner Nominatiounen | Präisgeld | Sponsor |
---|---|---|---|---|
Artist of the Year (Kënschtler vum Joer) |
Edsun | Cleveland, Napoleon Gold | 7.500 | Kulturministère |
Best Upcoming Artist (Beschten Nowuesskënschtler) |
Bartleby Delicate | C'est Karma, Maz | 5.000 € | Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte |
Best Upcoming Musician (Beschten Nowuessmuseker) |
Claire Parsons | John Wolter, Pol Belardi | 5.000 € | |
Best Upcoming Video Director (Beschten Nowuess-Museksvideoregisseur) |
Isaiah Wilson | Filipe Silva, Tun Tonnar | 5.000 € | |
Upcoming Woman in Music (Bescht weiblecht Nowuesstalent an der Musek) |
Carma Katena alias C'est Karma | Claire Parsons, Gezza | 5.000 € | |
Upcoming Artwork Designer (Nowuesstalent an der Illustratioun/Grafikdesign) |
Dirk Kesseler | Edson Pires Domingos, Mik Muhlen | 5.000 € | |
Song of the Year (Lidd vum Joer) |
Bubble vu Mad Fox | I Only See You vun Napoleon Gold, Talk vun Tuys | 1.500 € | SACEM Luxembourg a 1535° |
Best Music Video (Beschte Museksvideo) |
Lisa vum Edsun | Pink Morning vun Jackie Moontan, Talk vun Tuys | 5.000 € | Lëtzebuerger Filmfong |
Music Producer of the Year (Museksproduzent vum Joer) |
Eric Bintz alias Céhashi | Cleveland, Tom Gatti | 2.500 € | Kulturministère |
Export Artist of the Year: | ||||
Pop/Rock/Electro | Rome | – | 2.000 € | music:LX an Den Atelier |
Jazz | Reis-Demuth-Wiltgen | – | 2.000 € | |
Classique/Contemporain | Christoph Sietzen | – | 2.000 € |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ lequotidien.lu: Le Luxembourg décerne désormais ses Music Awards vum Grégory Cimatti (19. Dezember 2018)
- ↑ wortl.lu: Le Luxembourg lance ses premiers Music Awards vum Noémie Koppe (16. Dezember 2018)
- ↑ wort.lu: Edsun grand vainqueur des Luxembourg Music Awards vum Noémie Koppe (19. Dezember 2018)
- ↑ tageblatt.lu: Politischer Druck auf rotem Teppich: Die „Luxembourg Music Awards“ polemisieren (kuerz LMA) vum Jeff Schinker (20. Dezember 2018)
- ↑ chronicle.lu: Luxembourg Music Awards Nominees Announced (22. November 2022)