Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte

lëtzebuergescht ëffentlecht Etablissement dat Projeten am soziale Beräich ënnerstëtzt


D'Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte ass e lëtzebuergesch ëffentlecht Etablissement, vun deem sengen Aufgaben déi bekanntst déi ass, d'Nationallotterie z'organiséieren.

Œuvre nationale de secours
grande-duchesse Charlotte
De Siège vun der Œuvre nationale zu Leideleng
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 25.12.1945
Sëtz 18 rue Léon Laval
3372 Leideleng
Leedung Pierre Bley (President)
Emile Lutgen (Direkter)
Branche Hëllefsorganisatioun
Homepage www.oeuvre.lu

Geschicht änneren

D'Œuvre gouf de 25. Dezember 1944 vun der Groussherzogin Charlotte an der Exilregierung zu London geschaaft[1], fir Suen ze sammelen, fir de lëtzebuergesche Krichsaffer ze hëllefen.

Dofir gouf um Nationalfeierdag, den 23. Januar 1945 eng Souscriptioun organiséiert, wou d'Leit opgeruff goufen, den Equivalent vun engem Dag Pai ze spenden. Op deem Wee koume 4.621.274,34 Frang zesummen. Wéi d'Grande-Duchesse aus hirem Exil hannescht op Lëtzebuerg koum, goufe bannent 24 Stonnen 280.806,80 Frang gesammelt, fir de Palais mat Blummen ze rëschten.

Den 13. Juli 1945 gouf dunn duerch e Groussherzoglechen Arrêté d'Nationallotterie an d'Liewe geruff[2], fir reegelméisseg Fongen eranzekréien, ouni Souscriptiounen organiséieren ze mussen.

Vun den Nettorecette vun der Nationallotterie kritt d'Œuvre 30/72[Source?], deemno eppes manner wéi d'Hallschent. Dës Sue ginn haut agesat fir Projeten am soziale Beräich z'ënnerstëtzen.

D'Gesetz iwwer d'Œuvre gouf 2009 gepasst[3].

Beneficiairen änneren

An zwéi Reglementer gëtt festgehalen datt vum Erléis vun der Œuvre ee Sechstel fir déi verschidde kommunal Offices sociaux an een Drëttel fir de Fonds national de solidarité virgesi sinn[4],[5].

Do dernieft gehéiert et weiderhin zu den Aufgabe vun der Œuvre fir de lëtzebuergesche Krichsaffer ze hëllefen. Se hëlleft Organisatiounen déi am soziale Beräich schaffe fir deenen hir Ziler ze erfëllen an ënnerstëtzt och Organisatiounen déi zu Lëtzebuerg am kulturellen oder sportleche Beräich oder am Ëmweltschutz aktiv sinn.

D'Beneficiairen déi reegelméisseg vun der Œuvre ënnerstëtzt gi sinn:

Resultater 2011[6] änneren

D'Œuvre nationale huet 2011 eppes iwwer 20 Milliounen Euro erakrut. 15,6 Milliounen dovu goufen nees un déi sëllege Beneficiairë verdeelt. Dat war méi oder manner grad sou vill wéi dat Joer virdrun.

De gréissten Deel, also 1/4 vum Gesamtresultat (ronn 5 Milliounen), goungen un de Fonds national de solidarité, 3,3 Milliounen un d'Office sociaux, all Kéier 1,15 Milliounen Euro kruten d'Rout Kräiz, d'Caritas an d'Ligue de prévention et d'action médico-sociale an 1 Millioun den COSL.

D'Krichsaffer, fir déi d'Œuvre gegrënnt gi war, kruten 2011 just nach am Ganzen 65.905 Euro.

D'Recettë komme virun allem duerch d'Nationallotterie, déi 2011 46,3 Milliounen Euro erakritt hat, 7,15% méi wéi 2010. Hiert Nettoresultat louch bei 17,5 Milliounen Euro.

Organisatioun änneren

D'Œuvre nationale gëtt vun engem Verwaltungsrot vun op d'mannst aacht an héchstens 25 Membere geréiert, déi vum Premierminister genannt ginn.

Verwaltungsrot
Period President
? Edmond Schumacher
? Pierre Bley
Direktioun
Period Direkter
? Emile Lutgen

Um Spaweck änneren

Commons: Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte‎ – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Arrêté grand-ducal du 25 décembre 1944 portant création d'une Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. legilux.public.lu (25.12.1944). Gekuckt de(n) 18.09.2020.
  2. Arrêté grand-ducal du 13 juillet 1945 portant création d'une Loterie Nationale. .legilux.public.lu (13.07.1945). Gekuckt de(n) 19.09.2020.
  3. Loi du 22 mai 2009 relative à l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte et à la Loterie Nationale. legilux.public.lu (22.05.2009). Gekuckt de(n) 18.09.2020.
  4. Règlement grand-ducal du 24 novembre 2009 fixant les quotes-parts des offices sociaux communaux et du Fonds National de Solidarité dans le produit de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. legilux.public.lu (24.11.2009). Gekuckt de(n) 19.09.2020.
  5. Règlement grand-ducal du 16 janvier 2013 modifiant le règlement grand-ducal du 24 novembre 2009 fixant les quotes-parts des offices sociaux communaux et du Fonds National de Solidarité dans le produit de l'oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. legilux.public.lu (16.01.2013). Gekuckt de(n) 19.09.2020.
  6. Quell vun dësem Kapitel: " 'Œuvre National' (sic): 2011 eng 15,6 Mio weiderverdeelt." RTL.lu - 03.07.2012, 14:56 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.07.2012, 16:31.