C'est Karma, gebuer zu Lëtzebuerg[Wéini ?] als Karma Catena ass eng lëtzebuergesch Sängerin.[1] Si séngt op Englesch an op Franséisch.

C'est Karma
Gebuer 20. Dezember 2001
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger

Liewen a Karriär änneren

Ufank an éischte Succès änneren

D'Karma Catena ass an der Stad Lëtzebuerg opgewuess. Hir Mamm ass Portugisin an hire Papp Italieener.[1]

Mat 15 Joer huet si fir d'éischt als Stroossemusekerin an der Stad Lëtzebuerg Lidder gesongen.[2] Net laang duerno, am Abrëll 2018 hat si en éischte Concert um Festival Koll an Aktioun, an am Mee huet si déi éischt Partie vum Bartleby Delicate sengem Concert an de Rotondë gespillt. Hiren drëtte Concert war am Mee 2018, als Opener vun der däitscher Band Milky Chance an der ausverkaafter Rockhal.[3] Am Summer 2018 huet si um Screaming Fields d'Lidd Gravity presentéiert an do de Präis fir déi bescht Live-Performance gewonnen.[3],[4]

Musekspräis an EPen änneren

Am September 2018 huet si op YouTube de Video fir d'Lidd Nicole verëffentlecht, an am Dezember gouf se bei de Luxembourg Music Awards an der Kategorie "Upcoming Woman in Music" (Weiblecht Nowuesstalent an der Musek) ausgezeechent. Och an der Kategorie "Best Upcoming Artist" (Beschten Nowuesskënschtler) war si nominéiert. No där Victoire gouf Nicole an d'Heavy Rotation vun RTL Radio Lëtzebuerg geholl, dat heescht et gouf dacks gespillt.[5]

D'Lidd Ufo huet si am Abrëll 2019 verëffentlecht. Déi roueg Ballad war e grousse Succès a gouf bis Juni 2023 eleng op Spotify bal eng Hallefmilliounmol gestreamt. Ee Mount drop koum dunn déi éischt EP, Yellow, eraus. Am selwechte Joer ass si och nach ënner anerem um Food for Your Senses, um Siren's Call an um Rock um Knuedler opgetrueden, an am Oktober ass si mat der lettescher Band Carnival Youth duerch Däitschland getourt.[5]

D'Indie-Pop- an Indie-Folk-EP Farbfilm koum am November 2020 op de Maart. C'est Karma huet se am Confinement geschriwwen. Vun de fënnef Lidder waren der dräi scho virdrunn als Singel verëffentlecht ginn. Girls koum fir de Weltfraendag eraus an ass eng Hymn un all d'Fraen; Fist Fight thematiséiert d'Gewalt; a bei Pool Party geet et ëm männleche Voyeurismus.[6],[7] Bei Industrial Salt geet et ëm d'Affer, déi der Sängerin hir Grousselteren opbruecht hu, wéi si an den 1960er aus der portugisescher Diktatur geflücht sinn.[8] De Video dozou huet den Isaiah Wilson gedréint.[9]

En neie Sound mat Amuse-Bouche änneren

D'Karma Catena studéiert zënter 2021 zu Amsterdam,[10],[11] nodeems si hir Première am Dikrecher Lycée gemaach huet.[12]

Mat der EP Amuse-Bouche (2022) huet C'est Karma eng nei musikalesch Richtung ageschloen, déi méi an den experimentellen Elektropop geet.[10],[13] Déi sechs Lidder um Wierk sinn deementspriechend no Iesssaache benannt. D'Musekvideoe vun den Extraite Bubblegum a Gateau gouf op YouTube jee iwwer 80.000-mol gekuckt.

Diskografie änneren

EPen änneren

  • 2019: Yellow
  • 2020: Farbfilm
  • 2022: Amuse-Bouche

Singelen änneren

  • 2018: Nicole
  • 2019: Ufo
  • 2020: Girls
  • 2020: Fist Fight
  • 2020: Pool Party
  • 2020: Industrial Salt
  • 2022: Spaghetti on Repeat
  • 2022: Bubblegum
  • 2022: Coffee
  • 2022: No Words Left
  • 2022: Gateau

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 stilllisteningmagazine.com: Start Listening To: C’est Karma vum Simone Marin (29. August 2020)
  2. wort.lu: C'est Karma, des idées à chanter, des choses à dire vum Thierry Hick (26. November 2020)
  3. 3,0 3,1 boldmagazine.lu: C’est Karma, entre rationalité et créativité vum Godefroy Gordet (18. Juli 2019)
  4. today.rtl.lu: Screaming Fields 2018 winners announced (15. Juli 2018)
  5. 5,0 5,1 land.lu: Esprit punk et origamis vum Kévin Kroczek (19. Juli 2019)
  6. miserable-monday.de: 83 – C’est Karma (17. Oktober 2020)
  7. : C’est Karma veröffentlicht neue Single „Fist Fight“ und denkt über die Absur (2. September 2020)
  8. rts.ch: C'est Karma, la révélation pop venue tout droit du Luxembourg vum Michel Masserey (9. Dezember 2020)
  9. bedroomdisco.de: C’EST KARMA – industrialisierte Welt (23. November 2020)
  10. 10,0 10,1 europavox.com: "Eine junge Künstlerin, die die Luxemburger Szene wiedererweckt" vum Noémie Lecoq (27. Juni 2022)
  11. backseat-pr.de: C'est Karma veröffentlicht neue Single "Bubblegum" und kündigt EP "Amuse-Bouche" an (27. Januar 2022)
  12. tageblatt.lu: Un tournant majeur / C’est Karma sort son second EP „Farbfilm“ vum Jérôme Quiqueret (15. Dezember 2020)
  13. Fiche op levip-saintnazaire.com (gekuckt de 6. Juni 2023)