music:LX war eng lëtzebuergesch Associatioun ouni Gewënnzweck déi d'Zil hat, Musek aus Lëtzebuerg am Ausland z'ënnerstëtzen a bekannt ze maachen.[1][2] Si gouf den 30. Juli 2009 gegrënnt ginn.[3] Si ass 2021 zesumme mat Reading Luxembourg an der Asbl Kultur lx opgaangen.[4]

Opbau an Aufgab änneren

music:LX hat véier Haaptaufgabeberäicher:[1]

  • Ënnerstëtzung: Finanziell Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerger Kënschtler a Gruppen, déi e Wierk am Ausland vermaarte wëllen oder am Ausland optrieden.
  • Informatioun: Informatiounen iwwer déi Lëtzebuerger Musekszeen verbreeden - souwuel fir Leit, déi an der Museksindustrie beschäftegt sinn, wéi och fir de grousse Public.
  • Networking: Lëtzebuerger an international Kënschtler mateneen a Verbindung setzen.
  • Promotioun: Promotioun vu Musek aus Lëtzebuerg, ënner anerem iwwer der Organisatioun hir Websäit a Facebook-Säit.

De President vum Verwaltungsrot war de Bob Krieps (Kulturministère), Vizepresident de John Rech (Sänger bei Dream Catcher), Sekretär den Olivier Toth (Manager vun der Rockhal) an Tresorier de Gast Waltzing.[5]

Den Direkter war de Patrice Hourbette, de virdrun Verantwortleche fir den Exportbureau fir franséisch Musek zu London war.[2][6]

D'Associatioun gouf vum Lëtzebuerger Kulturministère finanzéiert,[2] 2011 zum Beispill krut si 100.000 Euro.[6]

Zu de Kënschtler, déi vu music:LX ënnerstëtzt goufe gehéieren ënner anerem Inborn, Seed to Tree, Hal Flavin, Mutiny on the Bounty.[2][7]

Export Artists of the Year Award änneren

D'Associatioun huet tëscht 2012 an 2019 de Präis Export Artists of the Year u Kënschtler a Gruppen, déi sech am beschten am d'Ausland "verkaaft" hunn:

2012 änneren

2013 änneren

2014 änneren

2015 änneren

2016 änneren

2017 änneren

2018 änneren

2018 goufen déi dräi Music:LX-Präisser am Kader vun enger méi grousser Zeremonie an der Rockhal annoncéiert, der éischter Editioun vun de Luxembourg Music Awards.[14]

2019 änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 http://www.europejazz.net/musiclx (gekuckt de 24. Abrëll 2017)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 paperjam.lu: Aller au-delà des frontières (7. Februar 2016)
  3. Statuten
  4. paperjam.lu: Kultur lx entre en scène pour promouvoir la culture luxembourgeoise vum Fabien Rodrigues (6. Juli 2021)
  5. musiclx.lu: Board of Administration (gekuckt de 24. Abrëll 2017)
  6. 6,0 6,1 gouvernement.lu: Octavie Modert présente l'asbl Music:LX, une aide à la professionnalisation des musiciens (14. Februar 2011)
  7. wort.lu: New website launch for music:LX (14. Mäerz 2012)
  8. Export Artists of the Year 2012
  9. Export Artists of the Year 2013
  10. Export Artists of the Year 2014
  11. Export Artists of the Year 2015: hei an hei
  12. wort.lu: Die Exportkünstler des Jahres 2016 (7. Dezember 2016)
  13. musiclx.lu: Export Artists of the year 2017 Awards
  14. 14,0 14,1 Jeff Schinker in tageblatt.lu: Politischer Druck auf rotem Teppich: Die „Luxembourg Music Awards“ polemisieren" (20. Dezember 2018)
  15. eldoradio.lu: D'Music LX Awards 2019 goufe verdeelt (10. Dezember 2019)