Pol Belardi

Lëtzebuergeschen Jazzmuseker

De Pol Belardi, gebuer de 24. Abrëll 1989 zu Esch/Uelzecht, ass e polyvalente lëtzebuergeschen Jazzmuseker, Bassist, Kontrabassist, Vibrafonist, Pianist, Batteur a Perkussionist. A senger Jugend huet hie Musek vu Videospiller transkribéiert an nei arrangéiert.

Pol Belardi
Gebuer 24. Abrëll 1989
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jazzmuseker, Bassist, Kontrabassist, Vibraphonist, Pianist, Batteur, Perkussionist, Enseignant

Studium änneren

De Pol belardi huet säi Secondaire am Lycée Hubert-Clément zu Esch/Uelzecht (2001-2005) an am Stater Kolléisch (2005-2008) gemaach.

Seng musekalesch Ausbildung heizuland krut hien um Escher Conservatoire (Solfège, Percussioun, Jazzpiano, Kammermusek, Schlogezei, Piano, Kontrabass, Harmonie) an um Stater Conservatoire (Jazzpiano, Jazz-Bass-Gittar). Seng universitär Ausbildung absolvéiert hie vun 2008-2011 um Conservatoire royal de Bruxelles (Jazzpiano, Jazz-Bass-Gittar) a vun 2011-2014 um Conservatorium van Amsterdam (Jazz-Bass-Gittar), wou hien 2014 säi Master of Music mat "cum laude" ofgeschloss huet.

Hien huet Formatiounen a Masterclasses bei enger Rei vu bekannte Museker suivéiert, ë. a.: Simone Rebello, Jean Geoffroy, Mike Mainieri, Andy Sheppard, Matthew Garrison, Reggie Washington, Kai Eckhardt,Vijay Iyer, Dominique diPiazza an Dick Oatts.

Enseignement änneren

De Pol Belardi enseignéiert Bass-Gittar, Jazzpiano, Jazztheorie, Solfège, Percussioun a verschiddene Museksschoulen zu Lëtzebuerg (Déifferdenger, Iechternacher a Péitenger Museksschoulen) an am Lycée technique d'Esch-sur-Alzette.

Karriär änneren

De Pol Belardi ass a follgende Länner opgetrueden (Stand 2018): Lëtzebuerg, Belsch, Frankräich, Däitschland, Holland, Slowakei, Polen, Italien, Portugal, Schwäiz, Griicheland, Zypern, Tierkei, Dänemark, USA, Kanada, China, Korea, Japan an Indien.

Hien animéiert véier Radiossendungen um soziokulturelle Radio 100,7, zesummen ë. a. mat dem lëtzebuergeschen Jazzmuseker Pit Dahm: Blue Note, Hidden Jazz Gems, Jazz Revisited an Jazz Unrevealed.

Bands änneren

Leader änneren

  • Force: e moderne Jazzquartett/Quintett
  • Urban Voyage: en 11-deelege Crossover-Mammutprojet mat Sëtz zu Amsterdam.

Member änneren

Sideman änneren

Präisser änneren

  • 2014 – Laureat vun Keep an Eye “The Records” Amsterdam
  • 2014 – Pol Belardi’s Urban Voyage: Präis vun der Stiftung zur Förderung junger Künstler in Mamer.
  • 2013 – Criss Cross Europe (vun music:lx selektionéiert)
  • 2012 - Rotary-Musekspräis Esch-Uelzecht (Promotioun Nr. 2)
  • 2012 - XL-Jazz Brussels, mat The Unrevealed Society
  • 2012 – Jong Jazztalent Gent, mat The Unrevealed Society
  • 2012 – Kompositiounsconcours vum Orchestre national de jazz du Luxembourg (Seng Kompositioun Spring ass ënnert de Gewënner)
  • 2012 – Prinses Christina Jazz Concours Amsterdam, mat dem Floris Kappeyne Trio

Discographie änneren

Als Bandleader / Co-Leader änneren

  • 2017 - POL BELARDI’S FORCE, Creation/Evolution. Challenge Records.
  • 2016 - POL BELARDI’S Urban Voyage. Unit Records.
  • 2014 - 4s, Delusions Of Grandeur. EMME Produzioni Musicali.
  • 2014 - dillendub.
  • 2013 - 4s, Force.
  • 2012 - theCARPS’, Gaia.

Als Sideman änneren

  • 2014 - CHARLOTTE, Inner Ghosts.
  • 2014 - PASCAL SCHUMACHER, Left Tokyo Right. Laborie Jazz.
  • 2014 - NELSON OGLIASTRI, Birth & Death of a Star.
  • 2014 - LITTLE KNOWN FACTS, In Search of the New Temple.
  • 2014 - METROMARA, Cycle EP. Hey!jazz.
  • 2013 - CHARLOTTE, Daylight EP.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Pol Belardi – Biller, Videoen oder Audiodateien