Maz

Lëtzebuergesche Rapper

De Maz oder Maz Univerze, mat richtegem Numm Thomas Faber, gebuer 1999 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Rapper.[1][2][3] Seng Texter sinn op Englesch.

Maz
Gebuertsnumm Thomas Faber, Thomas Faber
Gebuer 1999
Reckeng op der Mess
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Rapper

Liewen a Karriär änneren

Jugend an Ufankserfolleg änneren

De Maz gouf als de jéngste vun dräi Jonge vun engem lëtzebuergesche Papp an enger ungarescher Mamm zu Lëtzebuerg gebuer.[3] Hie kënnt vu Recken op der Mess.[2],[4] A senger Kandheet a fréier Jugend huet hie vill Metal, spéider och HipHop gelauschtert.[3] Hien huet am Alter vu 15 Joer ugefaange mat rappen, mee dat bal zwee Joer laang kengem gesot.[5] 2017 ass hien – deemools nach als MC Maz[6] – um Nowuessfestival Screaming Fields opgetrueden, wou hien de Song Contest an de de Präis fir de beschte Live-Optrëtt gewonnen huet.[7] Duerch déi Victoire krut hien d'Geleënheet, um Festival On Stéitsch opzetrieden an den éischten Deel vum franséische Rapper Sofiane sengem Concert am Atelier ze maachen.[8]

Éischten Album Immortalisation änneren

D'Joer drop ass hie mat senger Single Start erfollegräich ginn. Si gouf an de Joren duerno eleng op Spotify iwwer 250.000 Mol gestreamt, an de Videoclip iwwer 50.000 Mol op Youtube gekuckt.. Nach wärend hien am Lycée war, huet hie säin éischten Album Immortalisation opgeholl.[8] Déi 15 Lidder goufen haaptsächlech vum Cehashi produzéiert, mee och mam Corbi, Sun Glitters, a Mr. Charly and Fresh D huet hien zesummegeschafft.[9] D'Releaseparty am Mäerz gouf am klenge Sall vun der Rockhal organiséiert,[10] aner Singleauskopplunge ware Black Flowers a Future and Me.

2019 ass hien als Opener vun der amerikanescher Rapperin Nicki Minaj an der Rockhal opgetrueden.[11] No e puer weidere Singelen huet hien am Abrëll 2019 mam Sänger Chaild op deem senger Single Sick Water kollaboréiert, déi e grousse Succès zu Lëtzebuerg hat. Déi zwee hate sech virdru scho kannt, well si siwe Joer laang zesummen am Lycée waren.[12] Och mat Alfalfa huet hien am Summer op deenen hirer Single Your Side zesummegeschafft. Enn des Joers huet de Maz seng éischt EP Sleepwalker an d'Lidd Nightmare erausbruecht, nodeems e mat senger Sleepwalker Tour 2019 a Frankräich, Holland, der Belsch, Spuenien, Däitschland, Litauen a Lëtzebuerg opgetrueden ass.[13]

Méi däischter Téin mat Sleepwalker an Uside Down änneren

Vun 2020 un ass dem Maz seng Musek méi schwéier an däischter ginn, zum Beispill mat de Lidder Coma an I Get It, déi sech un der Rockmusek, der Emo-Kultur an dem Metal inspiréieren.[14],[15],[16] Mat Circles huet hien e weidert Lidd mam Chaild erausbruecht.[17] Den Chaild an de Maz hu sech an enger Colocatioun zu Bréissel installéiert, wou de Maz fir Touningenieur studéiert.[16],[17] Am Oktober 2021 hunn déi zwee en ausverkaafte gemeinsame Concert an der Escher Kulturfabrik ginn.

Dee méi däischteren Toun huet de Maz och duerno bäibehalen,[18] op Lidder déi dacks vum Falcon produzéiert goufen, dem Batteur a Sänger vun der Rockband Mutiny on the Bounty. No Lidder wéi Eye Liner a Criminals huet de Maz am Mäerz 2022 seng EP Upside Down verëffentlecht. Um éischten Extrait Good Shit experimentéiert hie mat enger méi staark beaarbechter Stëmm. D'Lidd handelt iwwer all déi ongesond Manéieren, déi een unhëlt wann et engem schlecht geet.[4]

Ufank des Joers ass de Maz bei der Erëffnungszeremonie vum Kulturjoer Esch 2022 opgetrueden[19], am Summer och um Sziget an Ungarn, engem vun de weltwäit gréisste Museksfestivallen.[20]

No enger Concertstournée am Hierscht duerch Stied wéi Léck, Hamburg, Wien, Berlin a Kopenhagen[21] gouf de Maz am Dezember 2022 bei der éischter Editioun vun de Lëtzebuerger Musekspräisser an der Kategorie "Op der Bün" ausgezeechent.[22] Gläichzäiteg koum d'Single School Reunion eraus, déi un déi fréi 2000er Joren an d'Emo-Rock-Phase erënnert, an an där hie mat deene Leit ofrechent, déi am Ufank vu senger Karriär de Geck mat him gemaach hunn.[23] Si huet seng nächst EP Emo Season ugekënnegt, déi am Mee 2023 op de Maart koum. Duerno ass hien ënner anerem an England, zu Stroossbuerg, op der Diddelenger Fête de la Musique, an um Hamburger Reeperbahn Festival opgetrueden.

Den 3. November verëffentlechen de Maz an den Chaild d'Lidd Night Call, dat si zesumme fir d'Lëtzebuerger Virentscheedung fir de Eurovision Song Contest 2024 agereecht hunn.[24] D'Lidd gouf schlussendlech net fir d'Virentscheedung zréckbehalen, mee huet et trotzdeem op déi éischt Plaz vum Chartbreaker, de Radiocharts vum Eldoradio gepackt.[25]

Diskografie änneren

Album änneren

  • 2018: Immortalisation

EPen änneren

  • 2019: Sleepwalker
  • 2022: Upside Down
  • 2023: Emo Season

Singelen änneren

  • 2018: Start
  • 2018: Black Flowers
  • 2018: Future and Me
  • 2019: Boys Don't Cry
  • 2019: Becoming
  • 2019: Nightmare
  • 2020: Coma
  • 2020: Black Flowers, Pt. 2
  • 2020: I Get It
  • 2021: Apocalypze ('021)
  • 2021: Complaints
  • 2021: Eyeliner
  • 2021: Prisoners
  • 2022: Good Shit
  • 2022: Upside Down
  • 2022: School Reunion
  • 2023: Last Day
  • 2023: Hope
  • 2023: Night Call (mam Chaild)

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Documentaire Tëschent Iechternach a Budapest (2022) op rtl.lu
  2. 2,0 2,1 tageblatt.lu: Ich lebe meinen Traum“: Maz setzt mit „Sleepwalker“-Tour neue Maßstäbe für Luxemburgs Hip-Hop-Szene‘‘ vum Pit Beffort (21. Oktober 2019)
  3. 3,0 3,1 3,2 MAZ – Ee Solo Artist ass ni eleng, KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d'Kulturzeen zu Lëtzebuerg (22. September 2022)
  4. 4,0 4,1 rtl.lu: Am Takt: Maz (28. Mäerz 2022)
  5. rtl.lu: RTL Introduces... - RTL Introduces Maz (25. Abrëll 2018) Abrëll
  6. Affiche vum Screaming Fields 2017 op lampli.be
  7. tageblatt.lu: Die Gewinner des "Screaming Fields 2017" (16. Juli 2017)
  8. 8,0 8,1 lequotidien: Maz : un talent pur à la Rockhal vendredi, Interview mam Pablo Chiementi (28. Mäerz 2018)
  9. rtl.lu: Maz stormed the Rockhal, electrified Belgium, where to next? (28. Abrëll 2018)
  10. eldo.lu: Lëtzebuerger Rapper MC Maz annoncéiert Release Party (18. Januar 2018)
  11. eldo.lu: De Support Act vum Nicki Minaj an der Rockhal steet fest (21. Februar 2019)
  12. CHAILD and MAZ team up with sensational results (26. Abrëll 2019)
  13. rtl.lu: Luxembourg star announces 'Sleepwalker Tour 2019 (12. September 2019)
  14. culture.lu: Maz: La tête à l'envers, mais les pieds sur terre (7. Abrëll 2022)
  15. blogrebellen.de: MAZ – Erfrischend düsterer Rap aus Luxemburg (19. Oktober 2020)
  16. 16,0 16,1 land.lu: ‘‘Luxemburger RapPer MAZ - That Mazk I’ve been wearing‘‘ (29. Januar 2021)
  17. 17,0 17,1 culture.lu: Chaild x Maz deux artistes, une amitié vum Godefroy Gordet (20 Januar 2021)
  18. eldo.lu: Nei EP vum Rapper Maz (8. Abrëll 2022)
  19. lequotidien.lu: Le rappeur luxembourgeois Maz revient : «J’ai enfin trouvé mon identité artistique», Interview mam Valentin Maniglia (8. Abrëll 2022)
  20. kulturlx.lu: MAZ tritt beim Sziget Festival auf (16. Juni 2022)
  21. eldo.lu: De lëtzebuergesche Rapper MAZ geet op Tour (9. September 2022)
  22. wort.lu: Die Shortlists der Lëtzebuerger Musekspräisser stehen fest (22. November 2022)
  23. eldo.lu: Neie Museksvideo vum MAZ (15. Dezember 2022)
  24. eldo.lu: Maz an Chaild mam Track "Night Call" fir den ESC 2024 (25. Oktober 2023)
  25. eldo.lu: Chartbreaker (gekuckt de 26. Januar 2024)