Tuys

lëtzebuergesch Band

Tuys ass eng lëtzebuergesch Band vun Diddeleng, déi 2007 gegrënnt gouf. Eegenen Aussoen no ass hire Stil Popmusek, déi mat Elementer aus verschiddenen anere Genre kombinéiert gëtt.

Tuys
Museksgenre Pop, Pop-Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2007
Websäit www.tuys.lu
Aktuell Memberen Sam Tritz (Gesank, Gittar)
Tun Biever (Gesank, Gittar)
Tom Zuang (Batterie, zënter 2021)
Yann Gengler (Bassgittar, zënter 2013)
Fréier Memberen Kay Gianni (Batterie, 2007-2021)
Laurent Thiry (Bassgittar, 2011-13)

Bandgeschicht änneren

Tuys gouf 2007 vum Tun Biever (gebuer 1997), Sam Tritz (gebuer 1996) a Kay Gianni (gebuer 1996) zu Diddeleng gegrënnt. Am Summer 2011 ass de Bassist Laurent Thiry (gebuer 1996) derbäikomm. Ufanks huet d'Grupp Texter op Däitsch a Lëtzebuergesch geschriwwen a gesongen,[1] haut maache si dat awer nëmmen nach op Englesch.

2010,[2] 2011[3] an 2012 huet Tuys fir de Lycée Nic-Biever um Screaming Fields Festival an der Rockhal gespillt, wou si de Präis "Coup de Coeur du Centre de Resources" gewonnen hunn.[4] Si sinn ënner anerem och um Food For Your Senses, bei On Stéitsch an op der Fête de la Musique zu Diddeleng opgetrueden.[5] Donieft hu si 2010 bei der Sendung Wanns de eppes kanns! matgemaach.

Hir éischt Single "People" ass am September 2012 verëffentlecht ginn. Si gouf am Holtz-Studio zu Tënten opgeholl. D'Lidd huet et bis op d'Plaz Nummer 23 an de lëtzebuergeschen iTunes Charts an d'Plaz 4 am Eldoradio Chartbreaker gepackt.[6],[7] Tuys hunn hir Single och live am Ben's Club presentéiert.

Am November 2012 huet Tuys de Péitenger Concours Rock the South gewonnen.[8]

De Release vun hirer éischter EP war den 8. Mäerz 2013 an der Rockhal.

Am Juni 2013 gouf bekannt, datt de Laurent Thiry aus der Band austriede géif. De Yann Gengler (gebuer 1996), ënner anerem och Gittarist a Sänger vun de Bands Only 2 Sticks an Hard To Explain, spillt zënterhier d'Bassgittar fir Tuys.

Literatur änneren

  • Steve Kugener: Freude am Spielen an der Revue Nr. 36 vum 7. September 2016, S. 44-47

Discographie änneren

Albumen änneren

  • 2018: Swimming Youth

EPen änneren

  • 2013: People
  • 2015: Carousel
  • 2020: A Curtain Call for Dreamers

Singelen änneren

  • 2012: People
  • 2014: Wayout
  • 2015: Dance
  • 2016: Capture
  • 2016: Maybe
  • 2017: Belong
  • 2017: Talk
  • 2020: Papaya
  • 2020: More Than an Account
  • 2020: Ketchup on My Own Knees (Hungry for More)
  • 2020: Jungle
  • 2020: Saturday Night
  • 2021: Muddy Beach

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Foto vun engem Artikel am Luxemburger Wort, 2011 (gekuckt de 27. Dezember 2012)
  2. Participatioun um Screaming Fields 2010 op rockhal.lu (gekuckt de 27. Dezember 2012)
  3. Participatioun um Screaming Fields 2010 op rockhal.lu (gekuckt de 27. Dezember 2012)
  4. Participatioun um Screaming Fields 2010 op fuze.lu (gekuckt de 27. Dezember 2012)
  5. Participatioun bei On Stéitsch 2012 op onsteitsch.lu (gekuckt de 27. Dezember 2012)
  6. "People" am Klassement vun Eldoradio (#4) (gekuckt de 27. Dezember 2012)
  7. "People" am Klassement vun de lëtzebuergeschen iTunes Charts (#23) (gekuckt de 27. Dezember 2012)
  8. Foto vun engem Artikel iwwer Rock the South am Luxemburger Wort (gekuckt de 27. Dezember 2012)