Christoph Sietzen

lëtzebuergesche Museker

De Christoph Sietzen, gebuer den 11. September 1992 zu Salzburg, Éisträich, ass e lëtzebuergesche Marimbaspiller. Zanter 2014 ass hien Dozent fir Marimba a Perkussioun op der Universität für Musik und darstellende Kunst zu Wien.

Christoph Sietzen
Gebuer 11. September 1992
Salzburg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker

Karriär änneren

De Christoph Sietzen huet scho mat zwielef Joer säin éischte Concert op de Salzburger Festspiller gespillt. Mat 22 Joer huet hien ugefaangen, op der Universität für Musik und darstellende Kunst Wien z'ënnerriichten. Am Abrëll 2015 gouf hie fir seng besonnesch Leeschtunge vum ueweréisträichesche Landeshauptmann Josef Pühringer ausgezeechent, ausserdeem ass hie Laureat vum internationale Museksconcours vun der ARD[1] a Rising Star vun der European Concert Hall Organisation (ECHO)[2].

De Christoph Sietzen ass Endorser vum hollänneschen Instrumentebauer Adams Musical Instrument. De Komponist Alexander Müllenbach (Lëtzebuerg/Éisträich) huet him e Wierk gewidmet.

Discographie änneren

  • Attraction, éischt Solo-CD, publizéiert 2017 bei Genuin Classics
  • Lauda Concertata; Wierker vum Emmanuel Séjourné an Akira Ifukube, publizéiert bei Genuin Classics
  • Loco; publizéiert 2016 bei Genuin Classics
  • Senza Ripieno; Wierker vum Johann Sebastian Bach, Gaspard Le Roux a Johann Mattheson, publizéiert 2011 bei Classic Concert Records
  • Johann Sebastian Bach, BWV 1060, 1061, 1062;  Concerte fir 2 Cembali, beaarbecht fir 4 Marimbaen a Barockorchester, publizéiert 2009 bei Classic Concert Records, ënner Matwierkung vum: Emiko Uchiyama, Vladimir Petrov, Christoph Sietzen, Peter Sadlo (Dirigent), Salzburg Barock (Orchester)
  • Aurora Borealis, publizéiert 2009 bei Classic Concert Records, ënner Matwierkung vum: Emiko Uchiyama, Vladimir Petrov, Christoph Sietzen

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Christoph Sietzen beim ARD-Musikwettbewerb - Luxemburger herausragender Dritter
  2. Vorsprung durchTechnik - Der „Rising Star“ Christoph Sietzen stellt sich mit einem großen Solo-Recital in der Philharmonie vor am Luxemburger Wort vum 10. Januar 2018, S.12