Claire Parsons

lëtzebuergesch Jazzmusekerin

D'Claire Parsons, gebuer 1993 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch-brittesch Jazzmusekerin.[1]

Claire Parsons
Gebuer 1993
Nationalitéit Lëtzebuerg, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Jazzsänger, Lidderschreiwer

Liewen änneren

D'Claire Parsons huet brittesch Elteren an ass zu Kielen opgewuess. Schonn a jonkem Alter huet si klassesch Pianoscoursen um Stater Conservatoire geholl, spéider koum och nach Gittar dobäi. Duerno huet si Jazzgesank studéiert. 2020 huet si dee Studium um Conservatoire royal de Bruxelles ofgeschloss.[2]

2016 war d'Sängerin op der Single Alles Easis vun De Läb ze héieren.

Bei de Luxembourg Music Awards 2018 huet d'Claire Parsons an der Kategorie "Best Upcoming Musician" (Beschten Nowuessmuseker) gewonnen. Och an der Kategorie "Upcoming Woman in Music" (Bescht weiblecht Nowuesstalent an der Musek) war si nominéiert.[1]

Si ass e Member vum Bréisseler Jazzprojet Aishinka, deen 2019 um internationalen B-Jazz-Concours mam Albert-Michiels-Präis an 2020 mam éischte Präis bei den Jazz Maastricht Professional Awards ausgezeechent gouf.[1]

Am November 2019 huet d'Claire Parsons d'EP Onoff mam israeelesche Gittarist Eran Har Even verëffentlecht.[3] D'Joer drop koum hiren Debutalbum In Geometry um Plackelabel Double Moon Records eraus. Deen huet si mat hirem Quintett aus Eran Har Even, dem Pianist Jérôme Klein, dem Bassist Pol Belardi an dem Batteur Niels Engel opgeholl.[4]

2021 war si fir de Gesank um Album Il labirinto dei topi vun der italieenescher Drummerin Francesca Remigi hirem Projet Archipélagos verantwortlech. Am selwechte Joer huet d'Sängerin d'Grupp The Aquatic Museum matgegrënnt, där hiren Album mam selwechten Numm de 25. Mee 2023 eraus koum.[5],[6]

Diskografie änneren

  • 2019: OnOff (EP, mam Eran Har Even)
  • 2020: In Geometry
  • 2021: Il labirinto dei topi (mat Archipélagos)
  • 2023: The Aquatic Museum

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 sonicvisions.lu: Biografie (net datéiert)
  2. jazz-fun.de: Biografie (net datéiert)
  3. today.rtl.lu: Luxembourgish jazz singer Claire Parsons (16. Mee 2020)
  4. jazzmania.be: Claire Parsons : In Geometry vum Yves "JB" Tassin (15. September 2020)
  5. kulturlx.lu: Fokus auf Claire Parsons, Preisträgerin des Global Project Grant 2022 - Jazz (25. August 2022)
  6. Claire Parsons: sortie de l’album “The Aquatic Museum” (26. Mee 2023)