Lëtzebuerger Theaterpräisser
D'Lëtzebuerger Theaterpräisser ass eng Serie vu véier Theaterpräisser déi 2021 zu Lëtzebuerg vum Kulturministère an d'Liewe geruff goufen an déi all zwee Joer vergi ginn. D'Kreatioun vun de Präisser geet op eng laangjäreg Fuerderung vum Theatersecteur zeréck, dee sech fir eng Opwäertung vun den Theaterberuffer duerch eng méi grouss ëffentlech Unerkennung asetzt[1].
Jury Änneren
2021 Änneren
D'Jury vun der éischter Editioun vun den Theaterpräisser huet sech aus follgende Persounen zesummegesat, déi vum Kulturministère nominéiert goufen: Vesna Andonovic (Kritikerin), Nickel Bösenberg (Acteur), Josée Hansen (Kulturministère), Claude Mangen (President vun der Theater Federatioun) a Sarah Rock (Dramaturg). E gouf an enger gemeinsamer Zeremonie mam Lëtzebuerger Danzpräis de 17. September 2021 am Kapuzinertheater verdeelt.[2]
Kategorien Änneren
Nationalen Theaterpräis Änneren
Den nationalen Theaterpräis ass mat 10.000 Euro dotéiert.
Joer | Laureat(en) | Bemierkung |
---|---|---|
2021 | Frank Feitler | Dramaturg, Theaterregisseur an –direkter |
Op der Bün Änneren
Den Theaterpräis Op der Bün ass mat 4.500 Euro dotéiert.
Joer | Laureat(en) | Bemierkung |
---|---|---|
2021 | Marie Jung, François Camus | Schauspillerduo fir La Peste |
Hannert der Bün Änneren
Den Theaterpräis Hannert der Bün ass mat 4.500 Euro dotéiert.
Joer | Laureat(en) | Bemierkung |
---|---|---|
2021 | Anouk Schiltz | Zeenographin a Costumedesignerin |
Nowuesstalent Änneren
Den Theaterpräis Nowuesstalent ass mat 3.500 Euro dotéiert.
Joer | Laureat(en) | Bemierkung |
---|---|---|
2021 | Catherine Elsen | Rollendesignerin an Actrice |
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
- Argumentaire vum Jury fir d'Laureate vun den éischte Lëtzebuerger Theaterpräisser 2021 op gouvernement.lu (2021-09-18), gekuckt den 2021-09-28
Referenzen an Notten Änneren
- ↑ Remise des Lëtzebuerger Theaterpräisser et du Lëtzebuerger Danzpräis 2021. gouvernement.lu (2021-09-18). Gekuckt de(n) 2021-09-28.
- ↑ lequotidien.lu: Découvrez le palmarès des Lëtzebuerger Theaterpräisser et du Lëtzebuerger Danzpräis 2021 (19. September 2021)