Lëtzebuerger Musekspräisser

D'Lëtzebuerger Musekspräisser sinn eng Rëtsch Präisser am Beräich vun der Musek, déi zanter 2022 op Initiativ vum Lëtzebuerger Kulturministère all dräi Joer vergi ginn.

Virgänger änneren

Schonn 2007 gouf an 2018 gouf mat den Elie Music Awards, respektiv de Luxembourg Music Awards, zwéin national Musekspräisser an d'Liewe geruff, mee vu béiden Evenementer gouf et nëmmen eng eenzeg Editioun.

Donieft goufen tëscht 2012 an 2019 och al Joer déi erfollegräichste lëtzebuergesch Kënschter am Ausland mam Export Artists of the Year Award ausgezeechent, a fir déi d'Museksvideoe gouf et vun 2013 bis 2017 d'Video Clip Awards.

De Lancement vun de Lëtzebuerger Musekspräisser ass en Deel vun engem neien Effort vum Kulturministère, fir Lëtzebuerger Kënschtler Unerkennung ze ginn. Si alignéiere sech mat enger Rei anere Kulturpräisser, déi de Ministère an d'Liewe geruff huet, mat de Lëtzebuerger Theaterpräisser (2021) an dem Lëtzebuerger Konschtpräis (2022).[1]

Organisatioun änneren

Bei de Lëtzebuerger Musekspräisser handelt et sech ëm 5 verschidde Präisser a follgende Beräicher:[2]

  • den Nationale Musekspräis, mat deem e Kënschtler fir seng Karriär, säi Wierk oder säin Engagement an der Lëtzebuerger Musekszeen ausgezeechent gëtt;
  • de Präis fir en Nowuesstalent;
  • de Präis Op der Bün fir een oder eng Grupp vu Kënschtler (Auteuren, Komponisten an/oder Interpreten) fir e besonnesch gelongene musekalesche Projet;
  • de Präis Hannert der Bün fir Toun- oder Luuchttechnicker, Manager, Produzenten, asw.
  • de Präis Fräizäitmusek fir en aussergewéinlecht oder nohaltegt Engagement vun enger oder méi Persounen am Beräich Musek wärend hirer Fräizäit.

Bis op den Nationale Musekspräis gi prinzipiell Leeschtungen aus de vergaangenen dräi Joer priméiert. Eligibel si Lëtzebuerger, Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen oder déi e besonnesche Bezuch zum Land hunn. Fir déi éischt Editioun hunn eng 40 Leit aus dem Museksmilieu hir Virschléi agereecht, aus deenen eng Shortlist zesummegestallt gouf, a wouraus dann déi 5 Laureaten ausgesicht goufen.[2]

2022 änneren

D'Präiszeremonie vun der éischter Editioun war den 21. Dezember 2022 an der Rockhal a gouf vum Sascha Ley an dem Mike Tock moderéiert. Donieft sinn och d'Band Francis of Delirium, de Sven Hoscheidt vu United Instruments of Lucilin an de Gilles Grethen Quartet opgetrueden.[3]

D'Gewënner kruten eng Präisskulptur, déi vun der Kënschtlerin Laurie Lamborelle entworf gouf.[1]

Jury änneren

Laureaten änneren

Lëtzebuerger Musekspräisser 2022
Kategorie Laureat Aner Nominatiounen[1] Präisgeld
Nationale Musekspräis Pierre Cao, Museker, Komponist an Orchesterchef / 10.000 €
Lëtzebuerger Musekspräis – Op der Bün Maz, Museker Francis of Delirium
Reis Demuth Wiltgen
Artemandoline
Tuys
3.500 €
Lëtzebuerger Musekspräis – Hannert der Bün Stéphanie Baustert, Museksmanagerin Tom Gatti
Charles Stoltz
Konektis Entertainment
Sacha Hanlet
3.500 €
Lëtzebuerger Musekspräiss – Musekvermëttlung BEAST, Produktioun Konektis Entertainment
OCL
Two Steps Twice
Klengen Maarnecher Festival
3.000 €
Lëtzebuerger Musekspräis – Fräizäitmusek Big Band Opus 78, Ensemble Orchestre National des Jeunes
Hunnegstrëpp
Luxembourg Philharmonia
Festival Koll an Aktioun
2.500 €
Lëtzebuerger Musekspräis – Nowuesstalent Benjamin Kruithof, Museker Pit Brosius
Francis of Delirium
Maz
Chaild
2.500 €

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 gouvernement.lu: Publication des shortlists des Lëtzebuerger Musekspräisser (22. November 2022)
  2. 2,0 2,1 "Le Luxembourg lance deux nouveaux prix culturels nationaux." lequotidien.lu, 19.09.2022.
  3. Remise des Lëtzebuerger Musekspräisser 2022. mc.gouvernement.lu (22.12.2022). Gekuckt de(n) 22.12.2022.