Den Isaiah Wilson ass e lëtzebuergeschen Dänzer, Choreograph an interdisziplinäre Kënschtler.

Hie gouf an eng Basketballer-Famill als jéngste vu véier Bridder gebuer. Säi Papp ass en US-Amerikaner, deen zu Lëtzebuerg professionelle Basketspiller war, a säi Bop huet an der National Basketball Association (NBA) an den USA gespillt.[1],[2]

Am Alter vun 11 Joer huet den Isaiah Wilson 2009 déi éischt Staffel vun der lëtzebuergescher Fernseeemissioun Wanns de eppes kanns! gewonnen.[1] Hie war do als Breakdancer opgetrueden. Ëm déi Zäit huet hien och ugefaangen, Danzcoursen am Conservatoire ze huelen.[3]

De Isaiah Wilson war véier Joer am Lycée des arts et métiers. Duerno huet hien op der Héichschoul Codarts zu Rotterdam eng Ausbildung als Dänzer gemaach.[3]

2022 krut seng Choreographie Février den zweete Präis beim Internationale Solo Tanz Theater Festival zu Stuttgart.[4] Am selwechte Joer ass hie mam Jugenddanzstéck Sahasa vum Jill Crovisier opgetrueden.[5] Aner Projete vun him si Submerge a Megastructure mat der Sarah Baltzinger.

Den Isaiah Wilson huet eng Rei Museksvideoe fir lëtzebuergesch Sänger a Museksgruppen gedréint, dorënner Hold On (2017) vun den Trappers, Industrial Salt (2020) vu C'est Karma, Cogito Ergo Mal (2021) vum Maale Gars a For Your Lovin (2022) vum Chaild.

Hien huet och vill mam Sänger Edsun zesummegeschafft. Eleng oder zesumme mam Edsun krut den Isaiah Wilson eng Rei Auszeechnunge fir hir gemeinsam Clippen: 2016 bei de Video Clip Awards de Präis an der Kategorie "Best Upcoming Young Director" fir d'Lidd No Compliments an 2018 bei de Luxembourg Music Awards de Präis an der Kategorie "Best Upcoming Video Director". Bei dëser zweeter Präiszeremonie gouf donieft de Museksvideo fir Lisa, bei deem hien zesumme mam Edsun d'Choreographie gemaach a gedanzt huet, als beschte Museksvideo ausgezeechent.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Episod 12 vum Podcast Ceci, Do You Love Me? (Mäerz 2021)
  2. Episod 29 vum Podcast Gëlle Fro (Juni 2021)
  3. 3,0 3,1 culture.lu: Isaiah Wilson - Vum Studium zum... vum Liz Wolter (30. Abrëll 2021)
  4. monsun.theater: Gala der Preisträger:innen (net datéiert)
  5. saarbruecker-zeitung.de: Jugend-Theater in Luxemburg: „Mir geht es darum, Sport als Kunst darzustellen“ vum Sophia Schülke (8. November 2022)