Den Ton ass eng Baach an der belscher Provënz Lëtzebuerg, an dem franséischen Departement Meuse.

D'Baach entsteet an der Belsch aus dem Zesummelaf vun zwou klenge Baachen, op enger Héicht vun 335 Meter um Flouer tëscht Châtillon a Meix-le-Tige. Se leeft vun do aus no Westen, mat plazeweis Direktiounsännerungen no Süden, laanscht d'Uertschafte oder duerch d'Uertschafte Châtillon, Saint-Léger, Éthe, Virton, Saint-Mard, Dampicourt, Rouvroy, Harnoncourt, Lamorteau, bis op d'Franséisch Grenz südëstlech vun Écouviez.

Vun do aus mécht se op enger Längt vu ronn 2.300 Meter d'Grenz tëscht der Belsch a Frankräich, fir dann op där Grenz um Lieu-dit Les Grands Prés tëscht Écouviez, an Torgny an d'Kuer ze lafen.

Beim franséische Service d'administration nationale des données et référentiels sur l'eau gëtt den Ton ënner dem Code B4230430 gefouert.

  • Nieweflëss an der Belsch:
    • Ruisseau de Wachet: Lénks, Mëndung zu Saint-Léger
    • Ruisseau de Laclaireu: Riets, Mëndung am Fond de Bivau bei Éthe
    • Ruisseau du Chou: Riets, Mëndung zu Éthe
    • Ruisseau de Rabais: Riets, Mëndung an der Fagne Pierrard tëscht Éthe a Virton
    • Ruisseau du Vivier: Riets, Mëndung am Agank vu Virton
    • Vire: Lénks, Mëndung zu Saint-Mard
    • Chevratte(1): Riets, Mëndung zu Dampicourt
    • Chevratte(2): Riets, Mëndung zu Dampicourt
    • Ruisseau de Gueville: Lénks, Mëndung zu Rouvroy
    • Ruisseau de Radru: Lénks, Mëndung zu Lamorteau
  • Nieweflëss a Frankräich:

Um Spaweck änneren

Commons: Ton – Biller, Videoen oder Audiodateien