D'Légia ass eng belsch Baach an der Provënz Léck a lénksen Niewefloss vun der Meuse. Mat Ausnam vun der Quell déi an der Gemeng Ans um Plateau vun der Hesbaye op enger Héicht vun 150 Meter ass, gouf praktesch déi ganz Baach kanaliséiert an ënner dem Buedem verstoppt. Zu Ans op der Place Nicolaï gouf se erëm opgedeckt, soudatt ee se do zanter 2006 erëm gesi kann.

D'Légia op der Place Nicolaï zu Ans

Koordinate vun der Quell: 50° 39’ 09’’ N 05° 32’ 24’’ O

D'Légia ass ronn 5 Kilometer laang, a vun der Quell bis bei d'Mëndung nieft dem Pont des Arches zu Léck verléiert se 90 Meter un Héicht.

Hiert staarkt Gefäll, an e relativ gläichméissegen Debit hunn et mat sech bruecht datt sech fréier laanscht hire Laf eng ganz Rei vu Millen installéiert haten.

Nieweflëss vun der Meuse
Lénks : Alyse - Andon - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq
Riets : Aroffe - Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne
Kuckt och : Baseng vun der Meuse