Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Baach Julienne. Fir aner Bedeitunge vum Wuert, kuckt wgl. Julienne.

D'Julienne ass eng belsch Baach an der Provënz Léck um Territoire vun de Gemenge Fléron, Blegny a Visé. Et ass e rietsen Niewefloss vun der Meuse.

D'Julienne am Fond de Légipont
Weier zu Argenteau

D'Julienne huet hir Quell um Plateau vu Retinne a leeft vun do no Norden an Direktioun Saive. Vun do leeft se duerch e schmuelen Dall, laanscht dat fréiert Schlass vu Saive, duerch de Fond de Légipont, fir dann no Osten ze dréinen. An engem Dall deen haaptsächlech aus Wisen a Bëscher besteet leeft se da weider ënner der Autobunn A3 erduerch laanscht Housse, an Direktioun Richelle, wou se e ënnerwee e puer Weieren, Les étangs de la Julienne bilt, fir dann zu Argenteau an d'Meuse ze lafen.

Hir Niewebaache sinn de Ruisseau d'Évegnée an de Ruisseau des Fosses


Nieweflëss vun der Meuse
Lénks : Alyse - Andon - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq
Riets : Aroffe - Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne
Kuckt och : Baseng vun der Meuse