Aunois

Floss an der Belsch an a Frankräich


D'Aunois op franséischen topographesche Kaarten als Ruisseau de l'Aunois ze fannen, ass eng belsch-franséisch Baach an der Provënz Lëtzebuerg, an am Departement Ardennes. Et ass e rietsen Niewefloss vun der Kuer.

Aunois
Längt 11,58 km
Debit 2,10 m³/s
Hydrographesche
Baseng
Meuse-Baseng
Fläch vum Baseng 101,8 km²
Originn
Originn Zesummefloss vun:
Ruisseau des Cailloux
a Ruisseau de Remy
Plaz Muno
Héicht 220 m
Koordinaten 49° 43’ 07.43’’ N
      05° 10’ 16.82’’ O
Konfluenz
Leeft an Kuer
Plaz bei Carignan
Héicht 160 m
Koordinaten 49° 38’ 5.3’’ N
      05° 08’ 41.3’’ O
Geographie
Land Belsch
Frankräich
Regioun Gaume
Uertschaften Muno, Messincourt, Pure, Osnes

D'Aunois entsteet an der Belsch um Territoire vun der Sektioun Muno an der Gemeng Florenville, duerch den Zesummelaf vun zwou Baachen nërdlech vu Muno, op enger Héicht vu ronn 220 Meter an zwar de Ruisseau des Cailloux an de Ruisseau de Remy mat senger Niewebaach dem Ruisseau du Gué du Roi. Kuerz duerno kënnt nach de Ruisseau de Tourgeon derbäi,

No dem Zesummelaf vun dëse Baachen heescht de Waasserlaf Ruisseau du Tremble. Deen Numm behält d'Baach bis op d'franséisch Grenz um Lieu-dit Ermitage.

A Frankräich leeft se dann duerch d'Gemenge Messincourt, Pure, Osnes a Carignan, fir no engem Laf vu ronn 11.580 Meter bei Carignan um Lieut-dit La Tréfilerie op enger Héicht vun 163 Meter an d'Kuer ze lafen.

Nieweflëss änneren

An der Belsch änneren

A Frankräich änneren

Um Spaweck änneren