Alphabet
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Artikel Alphabet an der Sproochwëssenschaft. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Alphabet (Homonymie). |
D'Alphabet (aalgr. ἀλφάβητος alphábētos) ass eng Zuel vun Zeechen, fir Wierder vun enger Sprooch schrëftlech duerzestellen. Den Numm Alphabet kënnt vun den zwéin éischte Buschtawe vum griichesche Schreifsystem: Alpha – α a Beta – β.
Dat modernt laténgescht Alphabet huet 26 Zeechen. Dat sinn a grousse Buschtawen A, B, C, D, E, F, G, H, I, J, K, L, M, N, O, P, Q, R, S, T, U, V, W, X, Y, Z; an a klenge Buschtawen: a, b, c, d, e, f, g, h, i, j, k, l, m, n, o, p, q, r, s, t, u, v, w, x, y, z;
D'Nimm vun de Buschtawe si lännerspezifesch. Sou kënnen a verschiddene Sproochen nach dat eent oder anert Zeechen derbäikommen, wéi z. B. d'Buschtawe fir Ëmlauten oder Betounungen ze schreiwen oder ze markéieren.
E puer Beispiller:
- Am Däitschen: Ä, ä, Ü, ü, Ö, ö
- Am Franséischen: É, é, È, è, Î, î, Ã, â, À, à
- Am Lëtzebuergeschen: Ë, ë
- Am Spueneschen: ñ, ó
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Alphabeter – Biller, Videoen oder Audiodateien |