Blois
Blois ass eng franséisch Gemeng a Stad am Departement Loir-et-Cher an der Regioun Centre-Val de Loire. Et ass d'Prefktur vum Departement.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
![]() Panorama-Vue op d'Alstad, mat der Loire. | |||||
Land | ![]() | ||||
Regioun | ![]() | ||||
Departement | ![]() | ||||
Arrondissement | Blois | ||||
Kanton | Blois-1 | ||||
Postcode | 41000 | ||||
Gemengecode | 41018 | ||||
Fläch | 3746 ha | ||||
Bevëlkerung | 46.660 (2020) |
Se läit op der Loire, op halwem Wee tëscht Orléans an Tours, an der natierlecher Regioun vun der Beauce.
Geographie änneren
Nopeschgemengen änneren
Geschicht änneren
Am Mëttelalter war Blois d'Haaptstad vun der Grofschaft Blois, déi vun 832 bis 1498 bestanen huet, ier se en Deel vum Kinneklechen Domaine gouf. De Grof Louis II. vun Orléans gouf nämlech zum Kinnek Louis XII. vu Frankräich gekréint, an d'Schlass vu Blois war an der Renaissancezäit, vu 1498 bis 1589, d'offiziell Residenz vun de franséische Kinneken, ier s'op Paräis verluecht gouf.
Dono huet, vu 1617 bis 1619 d'Marie de Médicis, d'Fra vum Kinnek Henri IV. am Schlass gewunnt. Kuerz dono huet de Louis XIII. et sengem Brudder Gaston vun Orléans geschenkt, deen do bis zu sengem Doud, 1660, gelieft huet. Duerno huet de Louis XIV. et sengem Bruder Philippe vun Orléans geschenkt.
Am 20. Joerhonnert goufe wärend dem Zweete Weltkrich Deeler vun der Alstad a vum Garer Quartier vu Blois duerch Bommen zerstéiert.
Biller änneren
-
Schlass vu Blois, Aile François Ier, façade des Loges
-
Stadhaus.
-
Bëschofsgaart.
-
R des Papegaults a Rue Petit Degres Saint-Louis.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Blois – Biller, Videoen oder Audiodateien |