De Fändel vum Kosovo gouf den Dag vun der unilateraler Onofhängegkeetserklärung vu Serbien, de 17. Februar 2008, vum Parlament vun der Republik Kosovo adoptéiert. Virdrun war e Concours vun der Ekipp vun de Vereenten Natiounen am Kosovo organiséiert ginn, am deem bal 1000 Entwërf fir den neie Fändel agereecht gi sinn. Den aktuellen Design baséiert sech op den Entworf vum Muhamer Ibrahimi; e weist sechs wäiss Stären an engem Bou iwwer enger gëllener Kaart vum Kosovo op engem bloen Hannergrond. Déi sechs Stäre symboliséieren déi sechs Ethnizitéiten am Kosovo: Albaner, Serben, Tierken, Gorani, Roma (dacks zesumme mat den Ashkali an den Egypter opgezielt) a Bosnier.

De Fändel vum Kosovo

Well Serbien dem Kosovo seng Onofhängegkeet net unerkennt huet déi serbesch Regierung Awänn géint d'Benotze vum kosovaresche Fändel op internationalen Treffen.

Well d'Majoritéit vun der kosovarescher Bevëlkerung ethnesch Albaner sinn gëtt och am Kosovo nach dacks de Fändel vun der Republik Albanien benotzt.[1]

Trivia änneren

De kosovaresche Fändel an de Fändel vun Zypern sinn déi zwéin eenzeg Nationalfändele mat enger Kaart vum Land am Design.

Referenzen änneren

  1. Neue Züricher Zeitung: Die Albaner rücken zusammen (23. Mäerz 2013; gekuckt de 26. Dezember 2013)