Prizren (op Albanesch: Prizren oder Prizreni, op Serbesch: Призрен/Prizren) ass no der Haaptstad Pristina déi zweetgréisst Stad am Kosovo. Si ass de wichtegsten Handels- a Verwaltungszentrum am Süde vum Land. D'Gemeng Prizren grenzt un Albanien am Westen an un Nordmazedonien am Osten. Déi meescht Awunner si Kosovo-Albaner (82%), donieft gëtt et ënner anerem 9,5% Bosnier a 5% Tierken.[1] Déi offiziell Verwaltungssprooche sinn Albanesch, Serbesch, Bosnesch an Tierkesch.

Prizren
Land Kosovo
Vewaltungseenheet Distrikt Prizren
Awunner 186.986
  1996
Fläch 640
Héicht 403
Koordinaten 42° 13’ 00’’ N
      20° 44’ 00’’ O
Postcode 20000
Websäit http://kk.rks-gov.net/prizren

Prizren ass eng historesch Stad mat kultureller an touristescher Bedeitung fir de Kosovo. Zu de bekanntste Monumenter zielen déi al Steebréck, d'Festung an d'Sinan-Pascha-Moschee. Zanter 2002 ass all Joer den Dokumentarfilmfestival Dokufest an zanter 2011 de Musekfestival NGOM Fest.

Galerie änneren

Referenzen änneren

  1. Stand: 2011